Sot emol
Jean Claude Braun: "Ech sinn en Orchestermuseker"
56 min
![on the headlines](/legacy/images/15955/image-thumb__15955__base_thumbnail/Jean%20Claude%20Braun.245e9dfc.jpg)
De Jean Claude Braun ass dëst Joer am August zéng Joer Dirigent vun der Militärmusek. Seng Geschicht an dëser ewell schonn 180 Joer aler Traditiounsmusek geet scho vill méi wäit zeréck: hie koum 1987 am Alter vu 17 Joer bei d'Militärmusek. 25 Joer méi spéit huet hien d'Plaz gewiesselt: aus dem Orchester virun den Orchester.
De Jean Claude Braun spillt Cor a gouf och dofir ausgezeechent. Hien huet dacks als Solo-Cornist a groussen Orchestere gespillt. Mee eng Karriär als Solointerpret war ni eng Demarche, déi fir de Jean Claude Braun a Fro komm wier.
"Dat war net meng Vocatioun, ech wollt wierklech am Orchester spillen, ech war wierklech en Orchestermuseker, loosse mer dat emol esou soen, dat war meng Iddi."
Am Asaz wärend der Pandemie
Op alle Fall wäert de Jean Claude Braun a sécher all d'Museker, déi dës Zäit an der Militärmusek gespillt hunn, déi lescht zwee Joer net vergiessen: d'Corona-Pandemie hat och en Afloss op de Fonctionnement vun der Militärmusek.
An do seet de Jean Claude Braun, datt si sech alleguer bewosst sinn a waren, datt si Militär a Museker sinn, a si goufen direkt vum Confinement un an der Hotline vum CGDIS agesat. D'Militärmuseker ware vun do u bis de Februar 2022 ëmmer am Asaz, sief dat bei der Hotline vum CGDIS, d'Hotline vun der Santé, Contact-Tracing, Maske verdeelen, Impfzenteren an um En och an den Testzentere vun der Arméi.
"Dat war am Fong déi schwieregst Zäit fir eis, déi zwee Méint, well do krute mir gesot, datt mir keng Musek dierfte maachen. Bis den Dezember 2021 hu mir et ëmmer fäerdeg bruecht fir de Spagat ze maachen, fir awer Musek ze maache mat klengen Ensembelen, iwwer Videoen, Live-Streaming, 150 Concerten, déi mir bei Alters- a Fleegeheemer organiséiert hunn. Dat huet mir um Häerz geleeën, dee Projet do."
A virun allem sinn d'Museker bei där Iddi mat de Concerte matgezunn, trotz den anere Missiounen, déi si haten, a wou si op Schichte geschafft hunn. "A si hunn hiren Job, iwwerall wou si waren, ganz gutt gemaach, ech sinn do ganz frou a ganz stolz op si, datt mer dat esou gutt konnte maachen."
Episoden
![Ben Claus | © Jean-Claude Majerus Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus](/1_Foto/100komma7.lu/144212/image-thumb__144212__base_thumbnail/Ben%20Claus.0c09a58e.jpg)
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap
Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
![Paul Philipp - Spiller, Trainer, President](/_default_upload_bucket/190437/image-thumb__190437__base_thumbnail/Paul%20Philippe%20Sot%20Emol.4604c7db.jpg)
Paul Philipp - Spiller, Trainer, President
Dee fréiere Fussballprofi an aktuelle President vun der FLF ass Invité um dag vun der Finall vun der Europameeschterschaft.
Ingrid Schwarz: Modernt Jodelen
D'Sängerin an Pinaistin Ingrid Schwarz ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
![Sean Grethen](/1_Foto/100komma7.lu/187330/image-thumb__187330__base_thumbnail/Sean%20Grethen.df7a6c9a.jpg)
Sean Grethen
D'Passioun Aarmdrécken
![Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil](/1_Foto/100komma7.lu/184546/image-thumb__184546__base_thumbnail/Andr%C3%A9%20Hirt.d37cbfe3.jpg)
Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil
De Museker a Sänger Änder Hirt ass den Invité.
Martin Engler: "Den Dag ass 24 Stonne laang a ënnerschiddlech breet"
Den däitschen Multi-Kënschtler Martin Engler ass Invité.
Jean-Paul Raths
De Lëtzebuerger Schauspiller a Regisseur deen zanter 1979 als Schauspiller op ville Bünen hei a virun allem am däitschsproocheg Raum ënnerwee ass.
Stephan Quintus: A Schweden en neit Dohemm fonnt
De Stephan Quintus ass mat senger Fra an seng véier Bouwen a Schweden ausgewandert. An iwwert hiert neit Liewen erzielt hien als Invité dem Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
![Jean Portante | © Jean-Claude Majerus Jean Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal | © Jean-Claude Majerus](/1_Foto/100komma7.lu/177373/image-thumb__177373__base_thumbnail/Jean%20Portante.9861d473.jpg)
Jean Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal
De Poet a Schrëftsteller an zanter dem Ufank Mataarbechter vum radio 100,7 Jean Portante ass déi Kéier den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "sot emol"
![Guy Conter: E räicht Musekerliewen](/1_Foto/100komma7.lu/175294/image-thumb__175294__base_thumbnail/Guy%20Conter%20an%20Esther%20Conter.5db670be.jpg)
Guy Conter: E räicht Musekerliewen
De Invité déi Kéier am Sot de emol ass de Museker an Museksprf am Escher Conservatoire de Guy Conter.
Anne Simon: Vu London op Lëtzebuerg
D‘Regisseurin Anne Simon déi scho ganz fréi d‘Iddi vum Theater am Kapp hat ass déi Kéier Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun „Sot emol“
Hannah Noack: Musical ass meng grouss Passioun
D’Enseignante fir moderne Gesang a Vokalpädagogie huet Musical a Musekserzéiung studéiert, ass deemno gutt positionéiert fir iwwer d’Musicalwelt ze schwätzen.
![Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester](/1_Foto/100komma7.lu/137787/image-thumb__137787__base_thumbnail/Eug%C3%A8ne%20Prim.03310dfc.jpg)
Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester
No bal 35 Joer huet den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg opgehalen, hien, deen dësen Orchester matgegrënnt huet.
Marie-Josée Jacobs
De Mënschen ze hëllefen, dat passt bei d’Invitée: Infirmière-Anästhesistin, aktiv an der Gewerkschaft, zwanzeg Joer Ministerin an elo benevollen Engagement bei der Caritas.
Kimberly Darcy Mae
D‘Invitée war Héichleeschtungssportlerin. Karate war an ass nach eng Passioun.
René Closter: "Mir brauchen en Helikopter, ça passe ou ça casse“
De Grënner a President vun der Luxemburg Air Rescue ass den Invité. 1988 ass d’Luxemburg Air Rescue mat engem gelounten Helikopter lassgaangen.
![Isabelle Braun-Dominicy Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"](/1_Foto/100komma7.lu/152915/image-thumb__152915__base_thumbnail/Isabelle%20Braun-Dominicy.67a7652f.jpg)
Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"
Seet d'Invitée, d'Pianosproff an Enseignante fir d'Formation musicale.
Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun
E Radiosmënsch, mat deem mir bei d‘Originne vum radio 100,7, dem soziokulturelle Radio, wéi soss gesot gouf, zeréckginn.
![Ben Claus | © Jean-Claude Majerus Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus](/1_Foto/100komma7.lu/144212/image-thumb__144212__base_thumbnail/Ben%20Claus.0c09a58e.jpg)
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap
Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
![Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul](/1_Foto/100komma7.lu/142907/image-thumb__142907__base_thumbnail/Jean%20Paul%20Raths.f2c32931.jpg)