Sot emol
Marie Goergen: "Diversitéit um Akerland"
44 min
Der Marie Goergen hir Passioun ass d'Akerland. Als Gäertnerin produzéiert si lokal a saisonal, biologescht Geméis, made in Lëtzebuerg. D'Geméiswierk ass eng Startup, déi frëscht a biologescht Geméis ubaut. Et gëtt bewosst op all Zort vu cheemesch-syntheeteschen Düngeren a Planzeschutzmëttel verzicht, fir qualitativ héichwäerteg Produiten unzebidden a fir d'Ëmwelt laangfristeg ze schützen.
Masseproduktioun kënnt fir d'Marie Goergen net an Fro. Si wëllt Diversitéit um Feld schafen an aus all eenzelem Geméis dee bescht méigleche Goût eraushuelen. Lokal a saisonal. De Fokus läit op traditionell awer och op méi ausgefalen Zorte vu Geméis. Dat bedeit, datt ee grousse Choix ugebuede gëtt, dat wat d'Joreszäit ze bidden huet. Der Marie Goergen hir Wäerter sinn eng nohalteg, biologesch a qualitativ héichwäerteg Geméisproduktioun unzebidden.
Mat der Aféierung vun engem "No Dig Market Garden" wëllt si fir eng méi nohalteg Geméisproduktioun suergen. De Prinzip ass simpel a läit doranner, esou mann wéi méiglech an d'Buedemstruktur anzegräifen, fir d'Liewewiesen am Buedem net ze stéieren an d'Fauna ze erhalen. Dobäi komme ganz vill nei Geméisvarietéiten, iwwer 70 verschidden Zorte si geplangt. An Zukunft solle méi Déieren um Haff Plaz fannen, ënner anerem Hénger a Béien. Wat méi Diversitéit, wat besser, fir d'Ëmwelt, d'Déieren an de Mënsch.