Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Arnim, The Düsseldorf Düsterboys - Wie Schön Du Bist

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Salima Ben Guigui: "Ech wollt e Museksinstrument, fir ze zupfen"

Salima Ben Guigui: "Ech wollt e Museksinstrument, fir ze zupfen"

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Mandolinn ass e Museksinstrument, dat schonn zanter den 17. Joerhonnert an Europa bekannt ass. Mee dat wëllt awer elo net heeschen, datt d'Mandolinn en Instrument ass, dat just fir klassesch, barock oder romantesch Musek agesat gëtt, sécher net. D'Mandolinn fënnt ee quasi an all Musekgenrë bis an eis Zäit eran. Invitée beim Jean Claude Majerus ass d'Salima Ben Guigui an hiert Instrument ass Mandolinn. Si huet hir Formatioun op der Hochschule für Musik Saar zu Saarbrécken gemaach. Nieft dem Instrument war d'Salima Ben Guigui awer och vun der pedagogescher Säit vun der Musek faszinéiert a schafft nach haut am Museksenseignement.

Mat aacht Joer koum d'Salima Ben Guigui bei d'Musek, fir déi si sech awer huet missen duerchsetzen, well d'Famill Ben Guigui méi am Sport ënnerwee war. "Mee ech hu mech drugehale wéi de Geck un de Bengel", seet d'Salima Ben Guigui an et goung op Esch an de Conservatoire op eng Porte-Ouverte. Am Fong wollt si klassesch Gittar léieren, wat awer wéinst enger Contrainte un der rietser Hand net gaangen ass, an du koum dann déi éischt Renconter mat der Mandolinn an hirem éischte Professer Juan Carlos Munoz.


"Ech wollt eppes zupfen an d'Mandolinn war ebe méi kleng an hat ee Bauch .... A fir mech ass dat gaangen, well een do e Blietchen nëmme mam Daum an Zeigefanger muss festhalen, an do hunn ech eben Mandolinn geléiert."

Kultur
Musek

Episoden

Raymond Conzemius: De Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: De Sport ass de roude Fuedem

Den aktuellen Directeur technique vum COSL RAymond Conzemius ass den Invité beim Jeam Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow

Sidney Scho: E ganz jonken Dirigent

Den Dirigent an Directeur musical vum Cercle symphonique vu Rëmeleng Sidney Scho ass haut den Invité beim Jean Claude Majerus am Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow
Justin Gloden: E Liewen fir d'Lafen

Justin Gloden: E Liewen fir d'Lafen

Den Invité ass a war Mëttel- oder Laangstreckeleefer. Hien ass och esou munch Lëtzebuerger Rekord vun de 1500 Meter u gelaf, an nach haut ginn et ëmmer Rekorder, déi him gehéieren.
headphones

55 min

play_arrow
Emma Lily Karier: De Saxofon a Wien

Emma Lily Karier: De Saxofon a Wien

D'Musekerin, Saxofonistin an och Sängerin an Dirigentin ass d'Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Norbert Haupert: Sportler, Sportfonctionnaire a Politiker

Norbert Haupert: Sportler, Sportfonctionnaire a Politiker

Als Liichtathleet war den Norbert Haupert ganz erfollegräich, ë. a. mat engem Lëtzebuerger Rekord iwwer 1.000-Meter. Als CSV-Deputéierte souz hie 14 Joer an der Chamber.
headphones

56 min

play_arrow

Laurence Duhr: Wäibau, Psychologie a Clownereien

Bei der Invitée dës Kéier fënnt een nees eng grouss Diversitéit an hirem Parcours, dee si mécht oder bis ewell gemaach huet.
headphones

57 min

play_arrow
Jean Portante: Schwaarzt Gezei a roude Schal | © Jean-Claude Majerus

Jean Portante: Schwaarzt Gezei a roude Schal

De Poet a Schrëftsteller mat italieeneschen Originnenan ass zanter Ufank u fräie Mataarbechter vum radio 100,7. Éier hie sech ganz dem Schreiwe consacréiert huet, war hie Franséisch Proff.
headphones

56 min

play_arrow
Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

De Mueker a Sänger Änder Hirt ass den Invité.
headphones

55 min

play_arrow
Guy Conter: E räicht Musekerliewen

Guy Conter: E räicht Musekerliewen

De Museker an Museksprofesser am Escher Conservatoire war nom Fred Hales vun 2007 bis 2015 Chef vun der Brass Band an huet duerno weider de Solo Cornet gespillt.
headphones

56 min

play_arrow
Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

D'Isabelle Braun-Dominicy ass Pianist an Enseignante fir Solfége. Aktuell ass si Professorin um Escher Conservatoire, wou si nieft de Coursen och de Jugendchouer dirigéiert.
headphones

56 min

play_arrow
Stephan Quintus: A Schweden en neit Doheem fonnt

Stephan Quintus: A Schweden en neit Doheem fonnt

De Stephan Quintus ass mat senger Fra a senge véier Bouwen a Schweden ausgewandert.
headphones

56 min

play_arrow
Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun

Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun

E Radiosmënsch, mat deem mir bei d‘Originne vum radio 100,7, dem soziokulturelle Radio, wéi soss gesot gouf, zeréckginn.
headphones

56 min

play_arrow
Dominique Santana: Konscht a Geschicht | © Jean-Claude Majerus

Dominique Santana: Konscht a Geschicht

D'Historikerin a Cineastin Dominique Santana ass d'Invitée.
headphones

55 min

play_arrow
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus

Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap

Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
Paul Philipp - Spiller, Trainer, President

Paul Philipp - Spiller, Trainer, President

Dee fréiere Fussballprofi an aktuelle President vun der FLF ass Invité um dag vun der Finall vun der Europameeschterschaft.
headphones

55 min

play_arrow

Ingrid Schwarz: Modernt Jodelen

D'Sängerin an Pinaistin Ingrid Schwarz ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Sean Grethen

Sean Grethen

D'Passioun Aarmdrécken
headphones

55 min

play_arrow
Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

De Museker a Sänger Änder Hirt ass den Invité.
headphones

56 min

play_arrow

Martin Engler: "Den Dag ass 24 Stonne laang a ënnerschiddlech breet"

Den däitschen Multi-Kënschtler Martin Engler ass Invité.
headphones

55 min

play_arrow

Jean-Paul Raths

De Lëtzebuerger Schauspiller a Regisseur deen zanter 1979 als Schauspiller op ville Bünen hei a virun allem am däitschsproocheg Raum ënnerwee ass.
headphones

55 min

play_arrow