Sot emol
Eva Paulin: "E Kandheetsdram erfëllt"
56 min
Molerei, Theater, Bünebild, Kostümkreatiounen, d'Léift zur Sprooch, d'Passioun sech auszedrécken op divers Manéiere an och d'Léift zu Mënschen, esou kann een d'Eva Paulin beschreiwen. Si war laang Joren e ganz presente Member an der Lëtzebuerger Theaterzeen, huet esou munch Inzenéierunge gemaach, an ënner anerem och Theaterfestivaller wéi de Stengeforter Theaterfestival an den Act-In-Festival mat organiséiert.
D'Eva Paulin war ëmmer fräischaffend Kënschtlerin, esou konnt si sech ëm d'Virstellunge vun hiren dräi Kanner këmmeren. Eréischt an de leschte Jore verbënnt een den Numm Eva Paulin éischter mat Konscht, méi prezis mat Molerei verbannen. D'Molen ass eng Konschtform, déi si schonn ëmmer am Hannerkapp hat, mee eréischt an de leschte Joren huet d'Eva Paulin sech dëse Kandheetsdram erfëllt.
"Woubäi dat wierklech de Wonsch war, wou ech mech vu Kand un komplett identifizéiert hunn, dat ze maachen. Och als Kand net gewosst hunn firwat? Mee einfach esou wéi eng Passioun ëmmer gespuert hu fir mam Material ze schaffen a Biller eigentlech aus mir eraus an d'Welt ze bréngen."