Sot emol
Romain Meyer
56 min
De Geolog enseignéiert an erfuerscht Beräicher vun de Geo-Wëssenschaften: Vulkanologie, Petrologie, Geochimie, Geomedezin, Geobiologie a Sciences environementales et planétaires. Säi Wee huet hien iwwer Louvain, Norwegen an Amerika bruecht, op de Massachusetts Institute of Technology - MIT, enger vun de wichtegsten Héichschoulen a Fuerschungsinstituter an den USA.
D'Wëssenschaft vum Opbau, vun der Zesummesetzung a Struktur vun der Äerd, hir physikalesch Eegenschaften an hirer Entwécklungsgeschicht, souwéi vun de Prozesser, déi si geformt hunn an och haut nach formen, sinn dem Romain Meyer seng Dadaen, wéi hien dem Natasha Ehrmann erkläert.