Radioen

On air

E-Lodie  |  Alpha Mound - The Difference Between

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Nico Helminger:"Ouni Buch opgewuess"

Nico Helminger:"Ouni Buch opgewuess"

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Den Numm Helminger ass sécher een, deen d'Literatur zu Lëtzebuerg zanter Joerzéngte markéiert. De Guy Helminger, deen zu Köln lieft, war schonn emol Invité an der Emissioun "Sot emol". Dës Kéier ass deen eeleren Helminger am Studio, den Nico Helminger.

Den Nico Helminger huet Germanistik, Romanistik an Theaterwëssenschaften zu Lëtzebuerg, Saarbrécken, Wien a Berlin studéiert. Ufanks den 1980er huet et den Auteur op Paräis gezunn. Mee awer och Heidelberg a Münche si Statiounen op sengem Wee. Den Nico Helminger ass schrëftstelleresch a ville Genren doheem, vu Lyrik, iwwer Romaner, Theaterstécker, Iwwersetzungen, jo bis bei Kannerbicher. An hien hat och mam radio 100,7 ze dinn, well hie war eng Zäit Member am Verwaltungsrot vum 100,7.

Den Nico Helminger huet de Wee bei d'Literatur am Fong méi spéit fonnt, den Auteur seet selwer, datt hien an enger Aarbechterfamill grouss ginn ass, wou et kee Buch gouf. Och an der Schoul, bis sechst Schouljoer, huet hien net gelies,och wa si e Schoulmeeschter haten, deen drop gehalen huet, datt d'Schüler solle liesen. Mee déi Bicher, déi hien aus der Schoulbibliothéik geléint krut, huet hien ongelies erëm zeréckginn.

Mee dunn am éischte Joer am Lycée hat de Nico Helminger e privat Erliefnes, bei deem hien d'Literatur entdeckt, oder si hien entdeckt huet, seet de Auteur heiansdo:


"Et war an der Vakanz bei menge Grousselteren um Duerf. Ech hu mech gelangweilt, an do gouf et eng kleng Bibliothéik vun engem Monni, deen och do gewunnt huet. (...) Do hunn ech einfach mol duer gegraff an dat éischt, wat ech gewielt hunn, dat war "Die drei Musketiere".


A well den Nico Helminger vill an de Kino gaangen ass, huet hien déi sougenannte Films de cape et d'épé" kannt, an hien huet ugefaangen d'Buch ze liesen, mee dat wier onméiglech gewiescht. Dat war ze komplizéiert mam d'Artagnan sengem kranke Päerd duerch Gascogne, an den Nico Helminger huet Buch einfach nees op d'Säit gestallt. Et huet ëm awer keng Rou gelooss an duecht: et muss awer eppes un deem Liesen drun sinn, well vill Leit et jo awer fäerdeg bréngen.


"Dunn hunn ech weider probéiert, Buch fir Buch. An du sinn ech dann op ee Buch gestouss, an op emol war ech dran. Menger Usisicht no war dat dat éischt Buch am Liewen, dat ech vu vir bis hanne gelies hunn. Dat war e Buch iwwer de Rasputin um Haff beim Nicolas den Zweeten, dat war esou eng Mëschung aus Krimi ... an historesche Fakten. An dat huet mech absolut faszinéiert, an do wousst ech. "Hei et geet, du kanns och liesen" An ech mengen och, datt déi perséinlech Erfarung, déi Entdeckung, déi ech gemaach hunn, datt déi mech och gepräägt huet. dat war guer net duerch d'Schoul bedéngt, indirekt schonn, awer net am Bewosstsinn vun deem Moment."

Kultur
Politik a Gesellschaft

Episoden

Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus

Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap

Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
Paul Philipp - Spiller, Trainer, President

Paul Philipp - Spiller, Trainer, President

Dee fréiere Fussballprofi an aktuelle President vun der FLF ass Invité um dag vun der Finall vun der Europameeschterschaft.
headphones

55 min

play_arrow

Ingrid Schwarz: Modernt Jodelen

D'Sängerin an Pinaistin Ingrid Schwarz ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Sean Grethen

Sean Grethen

D'Passioun Aarmdrécken
headphones

55 min

play_arrow
Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

De Museker a Sänger Änder Hirt ass den Invité.
headphones

56 min

play_arrow

Martin Engler: "Den Dag ass 24 Stonne laang a ënnerschiddlech breet"

Den däitschen Multi-Kënschtler Martin Engler ass Invité.
headphones

55 min

play_arrow

Jean-Paul Raths

De Lëtzebuerger Schauspiller a Regisseur deen zanter 1979 als Schauspiller op ville Bünen hei a virun allem am däitschsproocheg Raum ënnerwee ass.
headphones

55 min

play_arrow

Stephan Quintus: A Schweden en neit Dohemm fonnt

De Stephan Quintus ass mat senger Fra an seng véier Bouwen a Schweden ausgewandert. An iwwert hiert neit Liewen erzielt hien als Invité dem Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Jean  Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal | © Jean-Claude Majerus

Jean Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal

De Poet a Schrëftsteller an zanter dem Ufank Mataarbechter vum radio 100,7 Jean Portante ass déi Kéier den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "sot emol"
headphones

55 min

play_arrow
Guy Conter: E räicht Musekerliewen

Guy Conter: E räicht Musekerliewen

De Invité déi Kéier am Sot de emol ass de Museker an Museksprf am Escher Conservatoire de Guy Conter.
headphones

58 min

play_arrow

Anne Simon: Vu London op Lëtzebuerg

D‘Regisseurin Anne Simon déi scho ganz fréi d‘Iddi vum Theater am Kapp hat ass déi Kéier Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun „Sot emol“
headphones

56 min

play_arrow

Hannah Noack: Musical ass meng grouss Passioun

D’Enseignante fir moderne Gesang a Vokalpädagogie huet Musical a Musekserzéiung studéiert, ass deemno gutt positionéiert fir iwwer d’Musicalwelt ze schwätzen.
headphones

55 min

play_arrow
Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester

No bal 35 Joer huet den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg opgehalen, hien, deen dësen Orchester matgegrënnt huet.
headphones

56 min

play_arrow

Marie-Josée Jacobs

De Mënschen ze hëllefen, dat passt bei d’Invitée: Infirmière-Anästhesistin, aktiv an der Gewerkschaft, zwanzeg Joer Ministerin an elo benevollen Engagement bei der Caritas.
headphones

54 min

play_arrow

Kimberly Darcy Mae

D‘Invitée war Héichleeschtungssportlerin. Karate war an ass nach eng Passioun.
headphones

56 min

play_arrow

René Closter: "Mir brauchen en Helikopter, ça passe ou ça casse“

De Grënner a President vun der Luxemburg Air Rescue ass den Invité. 1988 ass d’Luxemburg Air Rescue mat engem gelounten Helikopter lassgaangen.
headphones

54 min

play_arrow
Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Seet d'Invitée, d'Pianosproff an Enseignante fir d'Formation musicale.
headphones

56 min

play_arrow

Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun

E Radiosmënsch, mat deem mir bei d‘Originne vum radio 100,7, dem soziokulturelle Radio, wéi soss gesot gouf, zeréckginn.
headphones

55 min

play_arrow
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus

Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap

Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
headphones

55 min

play_arrow
Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul

Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul

De Lëtzebuerger Acteur a Regisseur war den Invité.
headphones

55 min

play_arrow