Sot emol
Bernard Baumgarten: "Wat ech mir an de Kapp gesat hunn, ..."
56 min
Wann een déi lescht 20 Joer zeréckkuckt, dann ass wuel a kenger Konschtform hei am Land esou vill geschitt, wéi am Danz. A mat där positiver Entwécklung huet Lëtzebuerg sech hautdesdaags am Danz op der internationaler Landkaart placéiert. D'Kulturjoer 2007 huet sécher e groussen Deel bäigedroen. A wa mir zu Lëtzebuerg vun Danz schwätzen, dat kënnt engem sécher den Numm Bernard Baumgarten an de Kapp.
Hien ass aktuell Directeur artistique vum Trois-CL, dem Centre de création choréographique luxembourgeois. War als Dänzer zimmlech op der ganzer Welt ënnerwee an huet och als Choreograph säi Kënne méi wéi eemol bewisen. Doriwwer eraus gëllt de Bernard Baumgarten och als gudden Organisateur an zanter dem Kulturjoer 2007 huet hie sech an där Positioun och etabléiert.
Et ass awer e Film aus dem Joer 1980, nämlech "Fame", dee beim Bernard Baumgarten de Ausléiser war fir eben den Danz an de Mëttelpunkt vu sengem Liewen ze stellen. De Bernard Baumgarten war deemools als Jugendleche grad an enger Phas, wou hien net richteg wosst, wat hien aus sengem Liewe soll maachen. Seng Elteren hu wuel drop gepocht, datt hien e Beruff sollt léieren, an hie war och ënnerwee fir Kach ze ginn. Mee nodeems hien dee Film gesinn huet, war hie sech sécher, wouhin et sollt goen.
"Dat do ass dat, wat ech wëll maachen. An duerch dee Film hunn ech dunn eng Decisioun getraff, an dee wou mech kennt, dee weess, wann ech mer eppes bis an de Kapp gesat hunn, da loossen ech net méi lass. Mee ech hat keng Anung, wou een esou eppes ka léieren, wat eng Danzschoul wier, wat iwwerhaapt dorausser sollt ginn. Mee ech hunn et einfach gemaach, an haut sinn ech hei, an der Bananefabrik."