Sot emol
Mehdi Magha: "Vulnerabele Persounen hëllefen"
56 min
![on the headlines](/legacy/images/69454/image-thumb__69454__base_thumbnail/Mehdi%20Magha.2c17ae25.jpg)
Zanter zwee Joer ass de Mehdi Magha Direkter vun der ONG Handicap International Lëtzebuerg. Am Januar ass hien an den Afghanistan gereest, fir den Ausmooss an d'Besoine vun der humanitärer Situatioun ze erfaassen.
Sechs Méint nodeems d'Taliban d'Muecht iwwerholl hunn, weist sech ëmmer méi, datt déi radikal islamesch Taliban der Erausfuerderung net gewuess sinn d'Land ze regéieren. Den Afghanistan gouf zwar méi sécher, d'Taliban hunn awer d'Mënscherechter massiv ageschränkt. Grad dofir huet d'international Communautéit Hëllefsprogrammer agefruer. Nieft der Wirtschaftskris kréien d'Leit d'Konsequenzen dovun ëmmer méi ze spieren.
Éier de Mehdi Magha bei Handicap International war, huet hien am Secteur vun der ëffentlecher Medezin geschafft, zum Beispill fir Campagnen am Beräich vun der Santé publique ze entwéckelen. 2014 zitt d'Ebola-Kris hie bei MSF mat der Iwwerzeegung, datt hien e professionellen Humanitär wëllt ginn.
Zanter 1996 am Süden zu Kandahar aktiv, huet d'ONG scho bis 2001 ënner den Taliban geschafft. Um Ament, wou d'Taliban am Juli d'lescht Joer nees d'Muecht iwwerholl hunn, hunn déi Responsabel vun Handicap International decidéiert, um Hindukusch ze bleiwen. 2020 huet d'ONG Handicap International iwwer 17.000 Afghane behandelt.
"Fir eis ass et extreem wichteg ze bleiwen, eis Aarbecht virunzeféieren. Eis Entwécklungsprojeten am Afghanistan lafen an enger laangfristeger Optik. Dofir brauche mir och eng laangfristeg finanziell Ënnerstëtzung. Mir plange souguer eis Aktivitéiten auszebauen. Well zanter de Konflikt tëschent den Taliban an den Alliéierten am Juli op en Enn gaangen ass mierke mir, datt méi Leit an d'Klinicken, respektiv bei eis an d'Reeducatiounszentere kommen. D'Leit hunn et elo méi einfach fir dohinner ze kommen."
Episoden
![Ben Claus | © Jean-Claude Majerus Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus](/1_Foto/100komma7.lu/144212/image-thumb__144212__base_thumbnail/Ben%20Claus.0c09a58e.jpg)
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap
Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
![Paul Philipp - Spiller, Trainer, President](/_default_upload_bucket/190437/image-thumb__190437__base_thumbnail/Paul%20Philippe%20Sot%20Emol.4604c7db.jpg)
Paul Philipp - Spiller, Trainer, President
Dee fréiere Fussballprofi an aktuelle President vun der FLF ass Invité um dag vun der Finall vun der Europameeschterschaft.
Ingrid Schwarz: Modernt Jodelen
D'Sängerin an Pinaistin Ingrid Schwarz ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
![Sean Grethen](/1_Foto/100komma7.lu/187330/image-thumb__187330__base_thumbnail/Sean%20Grethen.df7a6c9a.jpg)
Sean Grethen
D'Passioun Aarmdrécken
![Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil](/1_Foto/100komma7.lu/184546/image-thumb__184546__base_thumbnail/Andr%C3%A9%20Hirt.d37cbfe3.jpg)
Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil
De Museker a Sänger Änder Hirt ass den Invité.
Martin Engler: "Den Dag ass 24 Stonne laang a ënnerschiddlech breet"
Den däitschen Multi-Kënschtler Martin Engler ass Invité.
Jean-Paul Raths
De Lëtzebuerger Schauspiller a Regisseur deen zanter 1979 als Schauspiller op ville Bünen hei a virun allem am däitschsproocheg Raum ënnerwee ass.
Stephan Quintus: A Schweden en neit Dohemm fonnt
De Stephan Quintus ass mat senger Fra an seng véier Bouwen a Schweden ausgewandert. An iwwert hiert neit Liewen erzielt hien als Invité dem Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
![Jean Portante | © Jean-Claude Majerus Jean Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal | © Jean-Claude Majerus](/1_Foto/100komma7.lu/177373/image-thumb__177373__base_thumbnail/Jean%20Portante.9861d473.jpg)
Jean Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal
De Poet a Schrëftsteller an zanter dem Ufank Mataarbechter vum radio 100,7 Jean Portante ass déi Kéier den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "sot emol"
![Guy Conter: E räicht Musekerliewen](/1_Foto/100komma7.lu/175294/image-thumb__175294__base_thumbnail/Guy%20Conter%20an%20Esther%20Conter.5db670be.jpg)
Guy Conter: E räicht Musekerliewen
De Invité déi Kéier am Sot de emol ass de Museker an Museksprf am Escher Conservatoire de Guy Conter.
Anne Simon: Vu London op Lëtzebuerg
D‘Regisseurin Anne Simon déi scho ganz fréi d‘Iddi vum Theater am Kapp hat ass déi Kéier Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun „Sot emol“
Hannah Noack: Musical ass meng grouss Passioun
D’Enseignante fir moderne Gesang a Vokalpädagogie huet Musical a Musekserzéiung studéiert, ass deemno gutt positionéiert fir iwwer d’Musicalwelt ze schwätzen.
![Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester](/1_Foto/100komma7.lu/137787/image-thumb__137787__base_thumbnail/Eug%C3%A8ne%20Prim.03310dfc.jpg)
Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester
No bal 35 Joer huet den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg opgehalen, hien, deen dësen Orchester matgegrënnt huet.
Marie-Josée Jacobs
De Mënschen ze hëllefen, dat passt bei d’Invitée: Infirmière-Anästhesistin, aktiv an der Gewerkschaft, zwanzeg Joer Ministerin an elo benevollen Engagement bei der Caritas.
Kimberly Darcy Mae
D‘Invitée war Héichleeschtungssportlerin. Karate war an ass nach eng Passioun.
René Closter: "Mir brauchen en Helikopter, ça passe ou ça casse“
De Grënner a President vun der Luxemburg Air Rescue ass den Invité. 1988 ass d’Luxemburg Air Rescue mat engem gelounten Helikopter lassgaangen.
![Isabelle Braun-Dominicy Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"](/1_Foto/100komma7.lu/152915/image-thumb__152915__base_thumbnail/Isabelle%20Braun-Dominicy.67a7652f.jpg)
Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"
Seet d'Invitée, d'Pianosproff an Enseignante fir d'Formation musicale.
Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun
E Radiosmënsch, mat deem mir bei d‘Originne vum radio 100,7, dem soziokulturelle Radio, wéi soss gesot gouf, zeréckginn.
![Ben Claus | © Jean-Claude Majerus Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus](/1_Foto/100komma7.lu/144212/image-thumb__144212__base_thumbnail/Ben%20Claus.0c09a58e.jpg)
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap
Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
![Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul](/1_Foto/100komma7.lu/142907/image-thumb__142907__base_thumbnail/Jean%20Paul%20Raths.f2c32931.jpg)