Sot emol
Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"
51 min
![on the headlines](/legacy/images/12835/image-thumb__12835__base_thumbnail/Tommy%20Schlesser.5b3e0c6d.jpg)
Den Tommy Schlesser ass e Schauspiller, fir deen et am Filmgeschäft richteg gutt leeft. Zum Beispill ass hien an der zweeter Staffel vu "Capitani" ze gesinn - eng Serie, déi un Netflix verkaf gouf.
Am Kino stoung hien op der Affiche vun der spuenesch-lëtzebuergescher Koproduktioun "Lemon and Poppy Seed Cake". D'lescht Joer war hien zu Cannes um rouden Teppech fir de Film "Rebel" vum Adil El Arbi an Bilall Fallah, wou hien en IS-Kämpfer spillt.
An hie spillt och a "Läif a Séil" vum Loïc Tanson, an hie freet sech drop, wann "Die Bergretter" beim ZDF gewise ginn, um klengen Ecran, do wou Villes fir hien ugefaangen huet, notamment an Tëleesproduktioune vu Rosamunde Pilcher, oder "Das Traumschiff".
Den Tommy Schlesser huet schonn als Bouf mat sengem eelere Brudder Emile éischt kleng Filmer gedréit, de Fonke vun der Magie vun der Kamera ass jonk bei him eriwwer gesprongen. Dat, obwuel hien aus enger Famill vu Juriste kënnt. Säin Urgrousspapp, Grousspapp a Papp hunn dee Beruff ausgeüübt, an obwuel den Tommy Schlesser deen och ugehaangen huet, andeems hien Droit studéiert huet, ass hie séier nees vu senger Passioun dem Kino ugezu ginn.
Eigentlech wollt hien 2012 op Köln op d'Film Acting School goen, mee du krut hie seng éischt Roll ugebueden an der Lëtzebuerger Sitcom "Comeback". Dat war säin Debut. Säi Studium huet hien trotzdeem duerchgezunn, net zu Köln, mee zu Los Angeles.
2013-2014 hat hie seng eege Sketch-Comedy Serie "Wat Elo?" fir RTL Télé Lëtzebuerg, wou hien an circa 100 kuerzen Episoden zesumme mat sengem Brudder Émile Schlesser opgetrueden ass.
2015 war den Tommy Schlesser an enger Gaaschtroll an der däitscher RTL-Serie "GZSZ" als Austauschstudent Eike Habicht ze gesinn.
Am Kuerzfilm "Long Lost", deen als beschte Kuerzfilm beim Max Ophüls Preis nominéiert war, hat de Schlesser d'Roll vun engem jonke Strummert mat krimineller Vergaangenheet. 2018 war hien am lëtzebuergesche Kinosfilm "Superjhemp Retörns", nieft der Julie Kieffer an der Désirée Nosbusch ze gesinn.
Am Februar 2022 du fir vill Persounen e laang erwaarte Moment. Déi zweet Staffel vu "Capitani", an där hien d'Roll vun engem Drogeboss spillt.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.
Episoden
![Prof. Jean-Claude Theis: "Ech erënnere mech un dee leschten Tram ..."](/legacy/images/69109/image-thumb__69109__base_thumbnail/Prof%281%29.17e9f3d5.jpg)
Prof. Jean-Claude Theis: "Ech erënnere mech un dee leschten Tram ..."
De Lëtzebuerger Chirurg huet iwwer 30 Joer an Neuseeland geschafft an op der Uni vun Otago enseignéiert. Zanter senger Pensioun schafft hien an engem Kannerspidol am Malawi.
![Olivier Garofalo: "Chance mech selwer ze realiséieren"](/legacy/images/69643/image-thumb__69643__base_thumbnail/IMG_3326.0329a92a.jpg)
Olivier Garofalo: "Chance mech selwer ze realiséieren"
Den Dramaturg an Dramatiker aus dem Rheinischen Landestheater vun Neuss ass den Invité.
![Olivier Garofalo: "Chance mech selwer ze realiséieren"](/legacy/images/69643/image-thumb__69643__base_thumbnail/IMG_3326.0329a92a.jpg)
Olivier Garofalo: "Chance mech selwer ze realiséieren"
Den Dramaturg an Dramatiker aus dem Rheinischen Landestheater vun Neuss ass den Invité.
![Josée Bourg: "Virwëlz an Ongedold"](/legacy/images/69424/image-thumb__69424__base_thumbnail/Jos%C3%A9e%20Bourg.2fc4bcef.jpg)
Josée Bourg: "Virwëlz an Ongedold"
D'Schrëftstellerin, Kënschtlerin, Journalistin, Enseignante, Performerin oder Erzielerin mat nach villen anere Säiten ass d'Invitée.
![Jean Bermes: "E Chouer mat eelere Mënschen ass eng wansinneg Beräicherung"](/legacy/images/69208/image-thumb__69208__base_thumbnail/Jean%20Bermes.1b4835e6.jpg)
Jean Bermes: "E Chouer mat eelere Mënschen ass eng wansinneg Beräicherung"
De Bass-Bariton, deen zu Salzburg an zu Amsterdam studéiert huet, ass den Invité.
![Stella Witry: "Als Mënschen nees zu sech selwer erëmfannen"](/legacy/images/69070/image-thumb__69070__base_thumbnail/Stella%20Witry.093dce7c.jpg)
Stella Witry: "Als Mënschen nees zu sech selwer erëmfannen"
D'Gefill vum Eenzelen a Relatiounen tëschent Mënsche läit der Invitée besonnesch um Häerz.
![Noémie Sunnen: "Opginn ass keng Optioun fir mech"](/legacy/images/68941/image-thumb__68941__base_thumbnail/No%C3%A9mie%20Sunnen.6283405a.jpg)
Noémie Sunnen: "Opginn ass keng Optioun fir mech"
Um Rare Disease Day, op deem u Mënsche mat enger rarer Krankheet geduecht gëtt, ass eng Fra Invitée, déi zanter aacht Joer ALS, esou eng rar Krankheet, huet.
![Ian De Toffoli: "Schreiwen zum Beruff gemaach"](/legacy/images/68197/image-thumb__68197__base_thumbnail/Foto%20Ian.f7cd2ead.jpg)
Ian De Toffoli: "Schreiwen zum Beruff gemaach"
E Mënsch, dee passionéiert ass vu Literatur a Sprooch. Hien ass Auteur, Literaturwëssenschaftler, Dramatiker an Editeur.
![Philippe Ernzer: "Mat Héichdrockgebidder a Kalfronten a mengem Element"](/legacy/images/68683/image-thumb__68683__base_thumbnail/Philippe%20Ernzer%2810%29.0c651434.jpg)
Philippe Ernzer: "Mat Héichdrockgebidder a Kalfronten a mengem Element"
Dee jonken a passionéierte Meteorolog am Gespréich
Marco Schank: "Ech maachen elo nach dat, wat mer Spaass mécht"
Dee fréiere Minister, aktuelle Buergermeeschter vun Esch/Sauer, Krimiauteur a ganz naturverbonnene Mënsch ass den Invité.
![Pit Vinandy: "Iwwer de Bimbo sinn ech bei de Poppentheater komm"](/legacy/images/68398/image-thumb__68398__base_thumbnail/Pit%20Vinandy.d4b30a5f.jpg)
Pit Vinandy: "Iwwer de Bimbo sinn ech bei de Poppentheater komm"
De Museker a Poppespiller am Gespréich
![Ian De Toffoli: "Schreiwen zum Beruff gemaach"](/legacy/images/68197/image-thumb__68197__base_thumbnail/Foto%20Ian.f7cd2ead.jpg)
Ian De Toffoli: "Schreiwen zum Beruff gemaach"
E Mënsch, dee passionéiert ass vu Literatur a Sprooch. Hien ass Auteur, Literaturwëssenschaftler, Dramatiker an Editeur.
![Jean Spautz: "D'Schmelz war meng Uni"](/legacy/images/68050/image-thumb__68050__base_thumbnail/Foto%20Jean%20Spautz.8f314439.jpg)
Jean Spautz: "D'Schmelz war meng Uni"
De fréiere Aarbechter, Gewerkschaftler, Politiker a Minister Jean Spautz ass mat sengen 91 Joer nach ëmmer aktiv. Ë. a. iwwer seng laang politesch Karriär erzielt hien am Gespréich.
![Nathalie Groeber: "Covid huet näischt mat enger Gripp ze dinn"](/legacy/images/67000/image-thumb__67000__base_thumbnail/Nathalie%20Groeber.7def81a1.jpg)
Nathalie Groeber: "Covid huet näischt mat enger Gripp ze dinn"
D'Invitée krut Enn 2020 de Coronavirus. Si ass ni richteg gesond ginn, an aus hirem Covid gouf Long-Covid.
![Jean-Claude Schlim: "Ouni Passioun wier et net gaang"](/legacy/images/66787/image-thumb__66787__base_thumbnail/Jean-Claude%20Schlim.b4873100.jpg)
Jean-Claude Schlim: "Ouni Passioun wier et net gaang"
De fréiere Journalist kuckt op 30 Joer Karriär am Filmsecteur zeréck: als Filmtechniker, Regisseur, a Produzent. 2009 huet hie säin eegene Film realiséiert, "House of Boys".
![Sylvia Camarda: "Schwätze war ni meng Sprooch"](/legacy/images/23774/image-thumb__23774__base_thumbnail/Sylvia%20Camarda.9ae34af5.jpg)
Sylvia Camarda: "Schwätze war ni meng Sprooch"
D'Dänzerin an Televisounsmoderatrice ass Invitée.
![Eugénie Anselin: "D'Actrice huet sech duerchgesat"](/legacy/images/66028/image-thumb__66028__base_thumbnail/Eug%C3%A9nie.89eac5ad.jpg)
Eugénie Anselin: "D'Actrice huet sech duerchgesat"
D'Actrice, déi Enn Februar am Théâtre du Centaure "Juste la fin du monde" vum Jean Luc Lagarce an enger Mise en scène vun der Myriam Muller spillt, ass Invitée.
![Elisa Meyer: "Entspanung duerch Beréierung"](/legacy/images/66361/image-thumb__66361__base_thumbnail/Elisa%20Meyer.aac9aa81.jpg)
Elisa Meyer: "Entspanung duerch Beréierung"
Wéi grouss ass Bedeitung vun enger kierperlecher Beréierung? Dozou Äntwerten am Gespréich mat der Invitée: si ass Kuscheltherapeutin.
![Jo Kox: "Et muss ee virwëtzeg sinn!"](/legacy/images/37859/image-thumb__37859__base_thumbnail/Jo%20Kox.d8310531.jpg)
Jo Kox: "Et muss ee virwëtzeg sinn!"
De Kulturbegeeschterten an de Mënsch, deen hannert dem KEP, dem Kulturentwécklungsplang steet, ass den Invité.
![Sascha Ley](/legacy/images/66961/image-thumb__66961__base_thumbnail/Sascha%20Ley.437cd08b.jpg)