Sot emol
Stella Witry: "Als Mënschen nees zu sech selwer erëmfannen"
56 min
Mënsche si gläich an dach verschidden: All Mënsch huet aner Emotiounen an net jiddwereen ass zefridde mat senger Situatioun. Och d'Zesummeliewen ass net ëmmer harmonesch. Ee Sujet, deen ëmmer nees optaucht ass d'Sexualitéit. Doriwwer ze schwätzen ass net ëmmer einfach: fir verschiddener ass et een Tabutheema anerer hu Schimmt doriwwer ze schwätzen.
D'Stella Witry ass Sexological Bodyworkerin a mécht somatesch Kierpertherapie. Hir Aarbecht nennt sech Mind and Bodywork: et gëtt mam Kapp geschafft - beispillsweis mat eise Gedanken, mee och mam Kierper. Et geet ëm dat, wat mer fillen.
"A besonnesch an der haiteger Zäit hu mir dacks, datt mir dat trennen. Mir denken immens vill no, mee mir vergiessen ze spieren. Dee Moment hu mir d'Kierper dann op engem Punkt, déi erëm matenee kommunikéieren, an esou kréie mir dann erëm déi Eenheet, sech selwer ze spieren, dat sinn ech."
Fir d'Stella Witry ass de Kär vun der Aarbecht nees zeréck bei sech selwer ze fannen an erëm a Kontakt mat senger eegener Essenz ze kommen.