Sot emol
/ Jean Bermes: "E Chouer mat eelere Mënschen ass eng wansinneg Beräicherung"
Jean Bermes: "E Chouer mat eelere Mënschen ass eng wansinneg Beräicherung"
55 min
De Mozarteum zu Salzburg an de Conservatoire zu Amsterdam sinn zwou Statiounen, wou den Invité seng Gesangsformatioun gemaach huet. Mat dernieft och nach Studien an der Direktioun. Mee och d'Spill op der Bün huet de Bassbariton gären, a virun allem ass hien a ville Genren doheem. An Oper ass eben genee esou e Genre, wou de Sänger net nëmmen séngt, mee och nach dat Ganzt zeenesch ëmsetze muss a kann. De Jean Bermes ass och een Deel vum Duo Borisowitsch a Jhang, vun deem elo de Projet "Dein ist mein Herz, du Gans" am Kasemattentheater opgeféiert gëtt, en Owend, bei deem et ëm "Liebeslieder" geet, och aus enger anerer Perspektiv gekuckt.
Virum Confinement hat de Jean Bermes zwee Chéier an Altersheemer, e Projet deen him ferm um Häerz louch, a wat eng wansinneg Beräicherung war, wann een e Sall voller Liewenserfarung viru sech huet an ee mierkt, wat fir een Effekt Sangen a Lidder op eeler Mënsche kann hunn.
"Zesumme sangen, Gemeinschaft spieren, déif ootmen. Datt Leit mam Rollator gro erakommen, an ech soen dann, e bëssi méi rosa erausgaange sinn. Oder datt Leit mat enger staarker Demenz awer einfach zéng Strophe vun "Zu Arel op der Knippchen" reiwungslos hikréien."
De Jean Claude Majerus féiert duerch d'Gespréich.