Sot emol
Jean-Claude Schlim: "Ouni Passioun wier et net gaang"
55 min
De fréiere Journalist kuckt op eng Karriär vun iwwer 30 Joer am Filmsecteur zeréck: als Filmtechniker, Regisseur a Produzent. Hie gëllt als eng Referenz am Lëtzebuerger Kino an huet an enger Zäit, an där et nach keng Filmindustrie zu Lëtzebuerg gouf, Pionéieraarbecht geleescht. 2009 huet hie säin eegene Film realiséiert, "House of Boys", deen Homosexualitéit an Aids an den 1980er Joren thematiséiert. Eng Geschicht, déi u sengem eegene Liewen inspiréiert ass. Aids an HIV leien him besonnesch um Häerz, dofir ass hien och an der Sensibiliséierung an an der Preventioun engagéiert. Des Weideren ass hie consacréierte Chevalier de l'Ordre du Mérite.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.