Sot emol
Philippe Ernzer: "Mat Héichdrockgebidder a Kalfronten a mengem Element"
47 min
![on the headlines](/legacy/images/68683/image-thumb__68683__base_thumbnail/Philippe%20Ernzer%2810%29.0c651434.jpg)
De Philippe Ernzer ass vu klengem un e Wiederfreak. Mat 10 Joer krut hien zu Bauschelt seng eege Wiederstatioun. Ufanks wollt hien iwwer ee Newsletter-Service Famill a Frënn informéieren, duerno huet hie fir de Fun eng Web- a Facebook-Säit gegrënnt. Haut huet hien 23 Joer, bedreift e Wiederdéngscht an huet eng Startup gegrënnt.
Wéi gëtt d'Wieder? Brauch ech haut e Prabbeli? Hält d'Hëtzt fir dee geplangte BBQ? Wéi vill Schnéi gëtt et?
Äntwerten op dës Froe liwwert d'Wëssenschaft vun der Meteorologie - déi eenzeg Zukunfts-Viraussoen déi fonctionéieren. De Beruff vum Meteorolog ëmfaasst e breede Spektrum: Wiedersituatiounen observéieren, Modeller opstelle fir Previsioune virauszesoen oder Warnungen ze erstellen.
Eigentlech huet de Philippe Ernzer zu Wolz IT studéiert, huet als Jonken all méiglech Documentairen iwwer Meteorologie gekuckt an autodidaktesch geléiert Daten ze liesen. All Muere steet de Philippe Ernzer op a kuckt Kaarten, Previsioune mam But ze informéieren. Météo Boulaide ass e private Wiederdéngscht, dee sech iwwer eng besonnesch héich Trefferquot freet. Dem Philippe Ernzer säi Spezialgebitt ass d'Prognos vun Onwiedersituatiounen.
Zesumme mat den Donnéeë vun eegene Moossstatioune souwéi och duerch d'Auswäerte vu sëllege Wiedermodeller ginn all Dag op d'mannst zweemol prezis an zouverlässeg Wiederprognosen un de Public eraus. De Virdeel am Géigesaz zu de meeschte Wieder-Appen: all d'Prognose sinn handgemaach, Feeler vun informateschem Ursprong ginn et also meeschtens keng. Iwwerdeems sech de Gros vun den Appe just op ee bis zwee Modeller bezéien an net vu Mënschenhand kontrolléiert/iwwerwaacht ginn, fléissen an d'Prognose vu Météo Boulaide all méiglech Zenarien an, déi duerch zéng Joer Experienz korrekt a plausibel interpretéiert ginn.
Hien ass am Gespréich beim Natasha Ehrmann.
Episoden
![Ben Claus | © Jean-Claude Majerus Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus](/1_Foto/100komma7.lu/144212/image-thumb__144212__base_thumbnail/Ben%20Claus.0c09a58e.jpg)
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap
Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
![Paul Philipp - Spiller, Trainer, President](/_default_upload_bucket/190437/image-thumb__190437__base_thumbnail/Paul%20Philippe%20Sot%20Emol.4604c7db.jpg)
Paul Philipp - Spiller, Trainer, President
Dee fréiere Fussballprofi an aktuelle President vun der FLF ass Invité um dag vun der Finall vun der Europameeschterschaft.
Ingrid Schwarz: Modernt Jodelen
D'Sängerin an Pinaistin Ingrid Schwarz ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
![Sean Grethen](/1_Foto/100komma7.lu/187330/image-thumb__187330__base_thumbnail/Sean%20Grethen.df7a6c9a.jpg)
Sean Grethen
D'Passioun Aarmdrécken
![Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil](/1_Foto/100komma7.lu/184546/image-thumb__184546__base_thumbnail/Andr%C3%A9%20Hirt.d37cbfe3.jpg)
Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil
De Museker a Sänger Änder Hirt ass den Invité.
Martin Engler: "Den Dag ass 24 Stonne laang a ënnerschiddlech breet"
Den däitschen Multi-Kënschtler Martin Engler ass Invité.
Jean-Paul Raths
De Lëtzebuerger Schauspiller a Regisseur deen zanter 1979 als Schauspiller op ville Bünen hei a virun allem am däitschsproocheg Raum ënnerwee ass.
Stephan Quintus: A Schweden en neit Dohemm fonnt
De Stephan Quintus ass mat senger Fra an seng véier Bouwen a Schweden ausgewandert. An iwwert hiert neit Liewen erzielt hien als Invité dem Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
![Jean Portante | © Jean-Claude Majerus Jean Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal | © Jean-Claude Majerus](/1_Foto/100komma7.lu/177373/image-thumb__177373__base_thumbnail/Jean%20Portante.9861d473.jpg)
Jean Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal
De Poet a Schrëftsteller an zanter dem Ufank Mataarbechter vum radio 100,7 Jean Portante ass déi Kéier den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "sot emol"
![Guy Conter: E räicht Musekerliewen](/1_Foto/100komma7.lu/175294/image-thumb__175294__base_thumbnail/Guy%20Conter%20an%20Esther%20Conter.5db670be.jpg)
Guy Conter: E räicht Musekerliewen
De Invité déi Kéier am Sot de emol ass de Museker an Museksprf am Escher Conservatoire de Guy Conter.
Anne Simon: Vu London op Lëtzebuerg
D‘Regisseurin Anne Simon déi scho ganz fréi d‘Iddi vum Theater am Kapp hat ass déi Kéier Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun „Sot emol“
Hannah Noack: Musical ass meng grouss Passioun
D’Enseignante fir moderne Gesang a Vokalpädagogie huet Musical a Musekserzéiung studéiert, ass deemno gutt positionéiert fir iwwer d’Musicalwelt ze schwätzen.
![Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester](/1_Foto/100komma7.lu/137787/image-thumb__137787__base_thumbnail/Eug%C3%A8ne%20Prim.03310dfc.jpg)
Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester
No bal 35 Joer huet den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg opgehalen, hien, deen dësen Orchester matgegrënnt huet.
Marie-Josée Jacobs
De Mënschen ze hëllefen, dat passt bei d’Invitée: Infirmière-Anästhesistin, aktiv an der Gewerkschaft, zwanzeg Joer Ministerin an elo benevollen Engagement bei der Caritas.
Kimberly Darcy Mae
D‘Invitée war Héichleeschtungssportlerin. Karate war an ass nach eng Passioun.
René Closter: "Mir brauchen en Helikopter, ça passe ou ça casse“
De Grënner a President vun der Luxemburg Air Rescue ass den Invité. 1988 ass d’Luxemburg Air Rescue mat engem gelounten Helikopter lassgaangen.
![Isabelle Braun-Dominicy Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"](/1_Foto/100komma7.lu/152915/image-thumb__152915__base_thumbnail/Isabelle%20Braun-Dominicy.67a7652f.jpg)
Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"
Seet d'Invitée, d'Pianosproff an Enseignante fir d'Formation musicale.
Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun
E Radiosmënsch, mat deem mir bei d‘Originne vum radio 100,7, dem soziokulturelle Radio, wéi soss gesot gouf, zeréckginn.
![Ben Claus | © Jean-Claude Majerus Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus](/1_Foto/100komma7.lu/144212/image-thumb__144212__base_thumbnail/Ben%20Claus.0c09a58e.jpg)
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap
Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
![Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul](/1_Foto/100komma7.lu/142907/image-thumb__142907__base_thumbnail/Jean%20Paul%20Raths.f2c32931.jpg)