Sot emol
Ian De Toffoli: "Schreiwen zum Beruff gemaach"
56 min
Den Ian De Toffoli huet zu Paräis Literatur studéiert an och en Doktorat gemaach, éier hien dunn als Assistant-Chercheur an als Enseignant op der Uni Lëtzebuerg geschafft huet. 2018 huet hien awer Decisioun geholl déi Plaz opzeginn an als haaptberufflechen Auteur ze schaffen. De Schratt haaptberufflech Auteur ze ginn ass e Schratt an eng ongewëssen Zukunft, seet de Ian De Toffoli: Mee hie war der Meenung, datt hien net alles ënner een Hutt kritt. An hie wollt du sengem Schreiwe méi Zäit ginn, well d'Schreiwen a sengem Liewen esou wichteg ass, an hien och, méi wéi soss eppes, erfëllt. Hien huet de Besoin gespuert sech quasi exklusiv op d'Schreiwen ze konzentréieren.
D'Musek begleet de Ian De Toffoli beim Schreiwen, an hien hëlt och gären de Rhythmus vun der Musek, dat ass wichteg fir d'Orchestratioun vum Geschriwwenen. Mee fir all Auteur ginn et eng Zort Ritualer fir ze schreiwen, deen ee schreift gären moies, deen aneren owes. Dem Ian De Toffoli seng Zäit fir ze schreiwen ass vum spéiden Nomëtteg an den Owend eran. Den Auteur huet déi Zäit gären, well den Dag méi roueg gëtt an esou an Däischtert eran ze schreiwen dach eng speziell Atmosphär huet.
Musek encadréiert dem Ian De Toffoli säi Schreiwen, an dat kënnen déi verschiddenst musikalesch Genrë sinn. De Ian De Toffoli seng éischt musikalesch Passioun ass awer Metal, hie seet, datt hie mat Metal a senger Jugend am Fong sozialiséiert gouf. An zanterhier huet hie sech mat ëmmer méi komplizéierte Metal-Genrë beschäftegt, bis hautdesdaags bei zimmlech Avantgarde-Metal-Formatiounen.
De Jean Claude Majerus féiert duerch d'Gespréich.