Sot emol
Pit Vinandy: "Iwwer de Bimbo sinn ech bei de Poppentheater komm"
55 min
Wéi Generatioune vu Kanner gouf dem Pit Vinandy seng Kandheet vum Bimbo-Theater markéiert, an deem Mooss, datt sech bei him eng Passioun fir d'Poppespill entwéckelt huet. Et war schonn en emotionalen Ament, wéi de Pit Vinandy zesumme mat der Angie Schneider, der Niess vum Medi a Max Geiben, de Grënner vum Bimbo-Theater, op eemol selwer mat deem Bimbo Theater op der Bün stoung, wéi de Pit Vinandy et erkläert:
"Emotionell gesinn war et total, also d'Angie ass jo och domat opgewuess, hatt war ëmmer bei hinnen am Atelier. A bei mir kann een dat mat Wierder net beschreiwen, mir ware voll do an enger Emotioun dran. An dat war och am ganze Land iergendwéi Top-News: de Bimbo ass erëm do, d'Leit stoungen an der Schlaang fir bei de Bimbo."
De Pit Vinandy ass nach ëmmer aktiv beim Poppespill derbäi, woubäi och eng Initiativ vun der Déifferdenger Gemeng deem Ganzen nei Perspektive ginn huet, nämlech d'Poppespënnchen zu Lasauvage. A weider ass de Pit Vinandy am gaangen e Schëff als Poppentheater ëmzebauen.
Nieft dem Poppentheater ass awer och d'Musek eng grouss Leidenschaft vum Pit Vinandy, sief dat als Cyperpiper oder als Dirigent vum Chouer Sang a Klang am Pafendall.
De Jean Claude Majerus féiert duerch d'Gespréich.