Sot emol
Marco Schank: "Ech maachen elo nach dat, wat mer Spaass mécht"
54 min
E Mënsch, deen een op verschidde Manéiere ka virstellen. Et kéint ee vum Politiker schwätzen, et kéint ee vum Auteur schwätzen, mee et kéint een awer och vun engem ganz naturverbonne Mënsch schwätzen.
De Marco Schank war politesch gesi Buergermeeschter vun Heischent, Deputéierten an och Minister fir Wunnengsbau an delegéierte Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen, duerno nees bis 2020 Deputéierten an aktuell nach Buergermeeschter vun Esch/Sauer.
Dernieft ass hien och Auteur vu Krimien, an hien ass besonnesch mat senger Fra Edmée zesummen e grousse Gaarden- an Naturfrënd.