Sot emol
Olivier Garofalo: "Chance mech selwer ze realiséieren"
55 min
Den Olivier Garofalo ass Dramatiker an Dramaturg, zanter 2019 ass hien elo Hausauteur an Dramaturg um Rheinischen Landestheater zu Neuss an Däitschland. D'Aarbecht vun engem Dramatiker ass kloer, et ass deen, deen d'Theaterstécker schreift. Mee wat ass d'Missioun vum Dramaturg? Den Olivier Garofalo seet, datt et d'Missioun vum Dramaturg ass d'Theaterproduktiounen ze begleeden an uecht ze dinn oder dem Regieteam ze hëllefen, datt d'Mise en scène d'Strooss hält. Aner Funktioune sinn Texter fir d'Programmhefter ze schreiwen, ze assuréieren, datt Besetzungslëschten iwwertenee kommen, dat heescht als Dramaturg léiert een den Theater vun all senge Säite kennen.
Den Olivier Garofalo huet seng éischt Theatererfarungen am Schoultheatergroup Namasté am Escher Lycée Hubert Clement gemaach. Deemools als Acteur op der Bün, wou hien awer séier gemierkt huet, datt dat net Senges ass. Et war éischter d'Aarbecht am Hannergrond, déi hien interesséiert huet. An no sengem Germanistikstudium ass hien an Direktioun Theater gaangen.
Seng Elteren doheem hu wuel keng Fläsch Schampes opgemaach, wéi si gewuer goufen, datt hire Jong seng professionell Zukunft am Theater geséich, mee am Fong war den Theater schonn zanter senger Jugend en Deel vun him.
"Vläicht hätte si sech gewënscht, datt ech eppes méi Sécheres géif maachen, wéi dat zu Lëtzebuerg esou ass, eng sécher Pai, e séchere Wee, vläicht och net ze wäit fort sinn. Mee letztendlech hu si mech awer ëmmer ënnerstëtzt, si hu mir ni Steng an de Wee geluecht. (..) An ech sinn enorm dankbar, datt si do sinn, well dat hätt ech ouni si bestëmmt net kënne maachen."
Dem Olivier Garofalo seng Grousseltere koumen op Lëtzebuerg, säi Grousspapp huet op der Arbed geschafft. Säi Papp awer huet op enger Bank geschafft an niewebäi huet hien a senger Jugend Filmer gemaach.
"Dat konnt hien awer zu där Zäit net weidermaachen, du hues misse schaffen goen, dat war eben esou, du hues misse Sue verdéngen an eraus aus dem Haus. Ech hunn eben déi Chance gehat mech selwer ze realiséieren an am Kulturberäich ze schaffen."
Aktuell ass dem Oliver Garofalo säin Theaterstéck "Im Umbruch" am Mierscher Kulturhaus nach bis den 10. Mäerz ze gesinn.