Radioen

On air

Fiasko Fest  |  Fiasko Fest

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Jil Devresse: Vum Lycée bei d'Schauspill

Jil Devresse: Vum Lycée bei d'Schauspill

headphones

68 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Déi jonk Lëtzebuerger Actrice Jil Devresse gouf duerch hir Duebelroll vun den Zwillingsschwësteren an der éischter Staffel vum Lëtzebuerger Krimi "Capitani" beim grousse Public bekannt. Mee am Fong kann d'Jil Devresse net esou richteg soen, wou hir Passioun fir d'Schauspillerei ugefaangen huet. Si ass en éischter ongewinnte Wee gaangen. Si huet als Kand keen Theater gespillt, a si war och net am Conservatoire fir Coursen ze huelen. D'Jil Devresse hat ëmmer Interessi um Theater an am Lycée Ermesinde zu Miersch, wou et ganz vill Aktivitéite gouf, huet si sech dunn op septième an den Theater ageschriwwen. An ass och bis op Première beim Theater bliwwen.

D'Jil Devresse ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus.

Kultur

Episoden

Anouk Bastian

Invitée ass eng Fra, déi souzesoen de Wäin an d'Wéi geluecht krut. D'Wënzerin ass elo a fënnefter Generatioun un der Spëtzt vun der Familljenentreprise zu Réimech.
headphones

46 min

play_arrow
Patrick Galbats

Patrick Galbats

Tëschent 2010 an 2016 huet de Fotograf fir d'Wochenzeitung Land déi politesch, kulturell an ekonomesch Aktualitéit couvréiert an eng gewëssen artistesch Fräiheet entwéckelt.
headphones

49 min

play_arrow
Michel Clees

Michel Clees

De passionéierten Dokter an niewebäi och engagéierten Auteur, Sänger an Dramatiker ass Invité.
headphones

55 min

play_arrow

Manfred Langner

Den Intendant vum Theater Tréier iwwer seng Ufäng an där eelster Stad vun Däitschland, wéi hien dat perséinlech erlieft huet an iwwer säi Wee vum Film bei den Theater
Georges Christen

Georges Christen

Hien huet 26 Guiness Weltrekorder a verbéit Eisen a Stol mat senger eegener Kierperkraaft. Hien zerrappt Telefonsbicher a ka mat sengen Zänn Eisebunns Waggonen zéien.
Erna Hennicot-Schoepges

Erna Hennicot-Schoepges

D'forméiert Pianistin, fréier Ministerin an CSV-Parteipresidentin an enorm engagéiert Fra ass d'Invitée.
headphones

55 min

play_arrow

Ursula Meissner

Krich an d'Leide vu Mënsche weisen ass den Alldag an d'Essenz vun der däitscher Krisen- a Krichsfotografin. Zanter 1992 schafft si als fräi Fotojournalistin.

Robert Brandy

Ee vun de bekanntste Moler zu Lëtzebuerg: Hien huet ufanks den 1970er Joren gewot ze behaapten, datt hie vu senger Konscht liewe wéilt a gouf ausgelaacht.

Heng Kleren

De Museker, Komponist an Enseignant ass Invité.

René Closter

Dee professionelle Pompjee a Fondateur vun der Luxembourg Air Rescue ass Invité.

Thierry Didelot

E mentale Problem ka jiddweree concernéieren. Den Invité huet zanter 17 Joer eng Angschtstéierung. Hie verzielt eis, wéi een domat lieft.

Gast Waltzing

Den Trompettist, Museksprofesser, Dirigent a Komponist säi Parcours ass vu ville Succèsen gekréint.

Paul Thiltges

De Filmproduzent, Distributeur a Schauspiller huet seng Karriär an enger Zäit ugefaangen huet, wou et nach keng Filmindustrie zu Lëtzebuerg gouf.
Carl Adalsteinsson

Carl Adalsteinsson

Deen aktuellen Direkter vum Centre des arts pluriels vun Ettelbréck ass Invité.
Paul Rauchs

Paul Rauchs

De Psychiater a Psychoanalytiker interesséiert sech fir Wëssensberäicher, déi mat senger Aarbecht zesummenhänken, wéi zum Beispill, Konscht a Literatur, Philosophie a Geschicht.

Lex Roth

De Grënnungspresident vun der Aktioun Lëtzebuergesch war Schoulmeeschter, Franséisch Proff, huet am Kulturministère geschafft a war Direkter vum Service Informatioun et Presse.

Robert Brandy

Ee vun de bekanntste Moler zu Lëtzebuerg: Hien huet ufanks den 1970er Joren gewot ze behaapten, datt hie vu senger Konscht liewe wéilt a gouf ausgelaacht.

Max Asselborn

De jonke Lëtzebuerger Trompettist huet zanter Kuerzem e feste Kontrakt beim schweedesche Radio-Sinfonie-Orchester a war fir e Concert zu Lëtzebuerg.
Georges Christen

Georges Christen

Hien huet 26 Guiness Weltrekorder a verbéit Eisen a Stol mat senger eegener Kierperkraaft. Hien zerrappt Telefonsbicher a ka mat sengen Zänn Eisebunns Waggonen zéien.

Christiane Eiffes

D'Invitée huet sech mat ganz vill Engagement an Devouement fir den Danz als Konschtform an och fir en ze etabléieren agesat.