Sot emol
Ursula Meissner
Krich an d'Leide vu Mënsche weisen, dat ass hiren Alldag an hir Essenz: D'Ursula Meissner ass eng däitsch Krisen- a Krichsfotografin. 1992 huet si hir éischt Fotoreportage iwwer d'Belagerung zu Sarajewo verëffentlecht a schafft zanterhier als fräi Fotojournalistin. Zanter méi wéi 30 Joer ass si mat hirer Kamera a Krichs- a Krise-Regiounen ënnerwee. Zum Beispill, Somalia, Libanon, Sierra Leone, Afghanistan ... stänneg op der Sich no deem eenzegaartege Moment, deen alles afänkt.
Wat si um Beruff passionéiert, wéi si mat Angscht an Zerstéierung ëmgeet, verréit si dem Natasha Ehrmann.