arrow_back_ios
Sot emol
Christiane Eiffes
Wann een hautdesdaags Programmen an den Theateren, de sëllege Kulturhaiser, oder och d'Offeren an de Conservatoiren grad wéi privaten Danzschoule zu Lëtzebuerg kuckt, dann huet sech vill gedoen an de leschte Joren. Den Danz huet déi Plaz, déi en haut huet, duerch Mënsche kritt, déi sech mat ganz vill Engagement an Devouement fir den Danz als Konschtform an och fir en ze etabléieren agesat hunn. An dozou gehéiert ouni Zweiwel d'Christiane Eiffes, d'Invitée vum Jean Claude Majerus.