Sot emol
Lex Roth
Sprooch, virun allem déi Lëtzebuerger an déi Franséisch, hunn et dem Lex Roth scho säi ganzt Liewe laang ugedoen. Hie war Schoulmeeschter, Franséisch Proff, huet am Kulturministère geschafft a war Direkter vum Service Informatioun et Presse vum Staat. De Lex Roth ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
Ee grousse Projet, un deem dem Lex Roth säin Häerz bis haut drunhänkt, ass d'Aktioun Lëtzebuergesch, vun där hien och de Grënnungspresident ass. De Lex Roth, deen schonn 88 Joer huet, ass nach ëmmer ferm aktiv. Wéi vill Plaz säin Interessi un der Sprooch haut nach a sengem Alldag hëlt oder wéi esou en Dag vum Lex Roth ausgesäit, gitt Dir gewuer.