Sot emol
Robert Brandy
Ee vun de bekanntste Moler zu Lëtzebuerg: Hien huet ufanks den 1970er Joren gewot ze behaapten, datt hie vu senger Konscht liewe wéilt a gouf ausgelaacht. Säi richtegen Numm wëssen déi mannst. De Robert Brandenburger ass ënner de Spëtznimm Robert Brandy a Bolitho Blane bekannt.
De Robert Brandy ass deen éischte Lëtzebuerger Kënschtler, vun deem schonn zu Liefzäiten eng grouss Retrospektiv gewise gouf, dat am MNHA: "Robert Brandy face à lui-même". De Mann, dee just nëmme Mole wollt, kuckt am Gespréich mam Natasha Ehrmann op eng 50 Joer laang Karriär zeréck.