Sot emol
Paul Rauchs
De Paul Rauchs schafft als Psychiater a Psychoanalytiker an interesséiert sech besonnesch fir Wëssensberäicher, déi mat senger Aarbecht a Praxis zesummenhänken, wéi zum Beispill, Konscht a Literatur, Philosophie a Geschicht. Hie befaasst sech gäre mat dësen Theemen an huet eng Abberzuel Artikelen am Allgemengen an an der spezialiséierter Press verëffentlecht. Hien ass Betruechter vum politeschen, kulturellen a soziale Liewen.
Wéi de Lockdown a Kraaft getrueden ass, huet och hie seng Praxis zougemaach an huet sech selwer op déi Plaz gesat, wou normalerweis seng Patiente sëtze fir seng Betruechtungen iwwer Pandemie nidderzeschreiwen.
Hei hëlt hie sech an der Sot-Emol-Fotell Plaz beim Natasha Ehrmann.