Sot emol
Carl Adalsteinsson
Op enger Bün ze stoen, sief et als Acteur oder als Museker, oder virum Publikum ze performen: fir vill Mënschen ass dat dat Gréisst, wat si kënnen hunn. Mee et ginn och Mënschen, déi eng grouss Affinitéit a Passioun fir Konscht a Kultur hunn an och an deem Domän wëllen aktiv sinn, awer aus enger anerer Perspektiv, nämlech där vun der Organisatioun.
Invité beim Jean Claude Majerus ass den aktuellen Direkter vum Centre des arts pluriels vun Ettelbréck, de Carl Adalsteinsson. Hie schafft léiwer an der Organisatioun, och wann hie mat Musek grouss ginn ass. Et ass fir hien dee schéinste Beruff, deen ee kann hunn, och wann ee meeschtens an der zweeter Rei steet.