Radioen

On air

Nei Musek  |  E Portrait vum Anders Eliasson

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt. Fir d'éischt huet den Trio sech Poets, kuerz drop The Insiders a schlussendlech am Joer 1968 The Main Ingredient genannt. Enn 60er an Ufank 70 brénge si eng ganz Rei méi oder manner erfollegräich Albumen eraus, dorënner: "LTD", "Tasteful Soul" a "Black Seeds". Ënner der Leedung vum Plackeproduzent Bert DeCoteaux erreeche The Main Ingredient 1970 fir d'éischte Kéier d'R&B Top 30 Hits mat hirem véierten Album: "Bitter Sweet". Mee no e puer Hits stierft leider hire Lead-Sänger Don McPherson mat nëmmen 29 Joer u Leukemie. Fir weider kennen ze touren, ersetzen déi zwee aner Membere vun der Grupp Tony Silvester a Luther Simmons dee verstuerwene Sänger duerch hiren deemolege Backup Sänger, Cuba Gooding Senior. Dat war keen anere wéi dem Cuba Gooding Junior, deem bekannten Hollywood Schauspiller, säi Papp. Mat him hu si eigentlech direkt Erfolleg a bréngen 1973 "Afrodisiac" eraus a just herno déi Plack, ëm déi et hei geet: "Euphrates River", hire sechsten Album.

Op dëser Plack gëtt et zum Beispill den Hit "Just Don't Want to Be Lonely" an eng Reprise vum Stevie Wonder sengem Lidd "Don't You Worry 'Bout a Thing". Den Album weist der Grupp hir meeschterhaft Gesangsqualitéiten a Musikalitéit. Si kenne sech Lidder aus ganz verschiddene Quellen einfach appropriéieren an eppes ganz Neies doraus maachen.

Mee hei schwätzt de Bobby Bieles iwwer "Summer Breeze". Et staamt ursprénglech vum amerikanesche Soft-Rock-Duo Seals and Crofts vun 1972. D'Lidd gouf och vun den "Isley Brothers" am Joer 1973 gecovert, mee déi eenzeg Versioun, déi reegelméisseg gesampelt gëtt, ass déi vu The Main Ingredient.

Déi düster Drums a Keyboards vum Ufank vum Lidd goufen Dosende Mol am Hip-Hop gesampelt, woubäi déi bekanntste Versioun déi vum Notorious BIG bleift. Déi puer éischt Noute vu sengem "Things Done Changed" sinn effektiv direkt erkennbar. De Biggie schwätzt hei iwwer Drogeproblemer a wéi Crackcocaine d'Stroossen a sengem Quartier iwwer d'Joren ëmmer méi geféierlech gemaach huet. Dat war dat éischt Lidd nom Intro op sengem éischten Album "Ready to Die" vun 1994.

D'Lidd gouf och puer Joer drop vu Fünf Sterne Deluxe benotzt. Das Bo, Tobi Tobsen, DJ Coolmann a Marcnesium hunn dat op hirem Album "Sillium" vun 1998 gesampelt.

E lescht Beispill ass eent vun de manner bekannte Lidder vun der Kult Grupp Portishead. Si maachen 1994 d'Lidd "Earth Linger" op hirer EP "Numb" doraus.

Musek

Episoden

Deniece Williams - Free

Deniece Williams - Free

Der Deniece Williams hir véier-Oktaven-Sopranstëmm huet si zu engem vun de markantsten Talenter vun der Soul Ära gemaach.
headphones

10 min

play_arrow
Marvin Gaye - After the Dance

Marvin Gaye - After the Dance

Dem Marvin Gaye säi 14. Studio-Album, ee ganz gelongenen Nofollger vu "Lets Get It On". De Stil kann een als fréien Disco Konzept-Album bezeechnen.
headphones

8 min

play_arrow
Otis Redding - Try A Little Tenderness

Otis Redding - Try A Little Tenderness

Dem Otis Redding seng Interpretatioun vum Lidd "Try A Little Tenderness"
headphones

4 min

play_arrow
Sly & the Family Stone - Sing a Simple Song

Sly & the Family Stone - Sing a Simple Song

Ee vun de bekanntste Breaks, déi am Hip-Hop gesampelt goufen: op ganze 462 Lidder.
headphones

11 min

play_arrow
Dorothy Ashby - The Windmills of your Mind

Dorothy Ashby - The Windmills of your Mind

Dëst Lidd war ursprénglech eng franséisch Chanson vum Michel Legrand an huet "Les moulins de mon cœur" geheescht. Et gouf vu villen Artiste gecovert.
headphones

7 min

play_arrow
Herbie Hancock - Watermelon Man

Herbie Hancock - Watermelon Man

Dem Hancock seng 12. LP (1972) brécht d'Barriären tëschent Jazz, Funk a Rock, bréngt den Jazz-Fusion Genre an den Mainstream a säi kënschtlereschen a kommerziellen Duerchbroch.
headphones

10 min

play_arrow
Kool & the Gang - Little Children

Kool & the Gang - Little Children

Kool & the Gang sinn eng vun de bekanntste Funk Bands vun de 70er an R'n'B Gruppe vun den 80er an hu mat hiren 23 Albumen a 70 Maxien iwwer 70 Millioune Placke verkaf.
headphones

9 min

play_arrow
Curtis Mayfield - Move On Up

Curtis Mayfield - Move On Up

D'Lidd vun 1970, ronn néng Minutte laang, war ursprénglech kee mega Hit, mee gouf mat de Jore méi bekannt.
headphones

13 min

play_arrow
Shocking Blue - Love Buzz

Shocking Blue - Love Buzz

Shocking Blue, en hollännesche Quartett, war eng erfollegräich psychedelesch Rock-Grupp an de 70er an hunn iwwer zéng Millioune Placken insgesamt verkaf.
headphones

7 min

play_arrow
Charles Bradley - The World

Charles Bradley - The World

Den Charles Bradley aka "The Screaming Eagle of Soul" huet laang gebraucht fir bekannt ze ginn, a säi Glanz huet och leider just kuerz gedauert.
headphones

10 min

play_arrow
Billy Cobham - Stratus

Billy Cobham - Stratus

De Billy Cobham gëtt generell als de beschten Drummer vum Jazz Fusion Genre ugesinn.
headphones

10 min

play_arrow
Goblin - Suspiria

Goblin - Suspiria

Goblin ass eng italieenesch Prog Rock Band. Déi meescht vun hiren Albume si Soundtracks fir Horrorfilmer, déi gréisstendeels vum Dario Argento gemaach goufen.
headphones

10 min

play_arrow
Jean Claude Vannier - Les gardes volent au secours du roi

Jean Claude Vannier - Les gardes volent au secours du roi

Dem Jean Claude Vannier säin Afloss als Komponist, Arrangeur, Dirigent oder Produzent ass bei der franséischer Chanson a Filmmusek quasi net ewech ze denken.
headphones

10 min

play_arrow
Jean-Luc Ponty - Farewell

Jean-Luc Ponty - Farewell

De franséische Museker, 1942 an der Normandie gebuer, spillt fréi am Philharmoneschen Orchester zu Paräis, éier hie seng Gei a verschiddenen Jazz Bands integréiert.
headphones

6 min

play_arrow
David Bowie - Let's Dance

David Bowie - Let's Dance

Den David Bowie ass ee vun de berüümtste Museker vum 20. Joerhonnert mat iwwer 100 Millioune verkaaften Albumen. "Let's Dance", säi 15. Album, kënnt 1983 eraus.
headphones

11 min

play_arrow
The Beatles - Glass Onion

The Beatles - Glass Onion

Jiddweree kennt de Beatles hire "White Album". Vill Leit kennen dem Jay-Z säi "Black Album". Wat kënnt eraus, wann ee Schwaarz a Wäiss mëscht? Gro natierlech.
headphones

6 min

play_arrow
Heatwave - The Star of a Story

Heatwave - The Star of a Story

Heatwave war eng Funk-Disco Band, déi 1975 entstanen ass. "The Star Of A Story" ass op hirem zweeten Album "Central Heating".
headphones

9 min

play_arrow
Fabio Frizzi - The Beyond

Fabio Frizzi - The Beyond

Deen italieenesche Filmdirekter Lucio Fulci huet 1981 ee vu senge Meeschterwierker erausbruecht, dee kultesche Film "The Beyond" mam Soundtrack komponéiert vum Fabio Frizzi.
headphones

10 min

play_arrow
Minnie Riperton - Lovin You

Minnie Riperton - Lovin You

Der Minnie Riperton hiert Lidd "Lovin You" koum 1975 eraus a war op hirem Album "Perfect Angel".
headphones

4 min

play_arrow
Krzysztof Komeda - Rosemary's Baby

Krzysztof Komeda - Rosemary's Baby

"Rosemary's Baby" ass en amerikaneschen Horrorfilm vun 1968 mat der Mia Farrow an der Haaptroll. D'Musek vum Jazz Pianist a Soundtrack Komponist ass e richtegen Ouerwuerm.
headphones

6 min

play_arrow