Radioen

On air

Fiasko Fest  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Minnie Riperton - Lovin You

Minnie Riperton - Lovin You

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Déi magesch Stëmm ass déi vun der Minnie Riperton an hirem Lidd "Lovin You". Et koum 1975 eraus a war op hirem Album "Perfect Angel". D'Riperton ass 1947 zu Chicago gebuer. Si krut eng klassesch musikalesch Ausbildung, mee huet sech perséinlech méi fir Funk a Rock interesséiert. Hir éischt Girl-Grupp war The Gems, zesumme mat zwou Frëndinnen. Si hate just mëttelméissege Succès, wat dozou geféiert huet, datt si wärend de 60er vill Backing Vocals fir bekannt Artisten opgeholl hunn, wéi zum Beispill Chuck Berry, Muddy Waters oder Syl Johnson. Hir zweet gréisser Grupp war Rotary Connection, déi definitiv méi rockege Sound gespillt huet. Ee vun de Membere vun der Grupp gëtt der Riperton hire Mann, deen dann och hiren éischte Soloalbum produzéiert: "Lovin You". Dat war op hirem zweeten Album an dee gréissten Hit vun hirem Liewen. Si ass bekannt dofir, ouni Problem iwwer véier Oktaven erop an erof ze sangen a meeschtens mat Blummen an den Hoer opzetrieden. Mariah Carey seet, datt d'Riperton e groussen Afloss op si gehat hätt. Si huet no dësem Album nach dräi anerer opgeholl, ass da leider mat 31 Joer fréizäiteg u Kriibs gestuerwen.

An der franséischer Hip-Hop-Landschaft heescht ee vun de ganz grousse Fabe. Dat war en MC vu Paräis, Barbés, a Member vun der Scred Connection. Säi Lidd "Des durs, des boss... des dombis" gouf produzéiert vun DJ Stofkry a koum 1997 um Album "Le fond et la forme" eraus. Mat enger falscher Bescheidenheet a ganz vill Humor an Intelligenz, kritiséiert hien de ganze Bling Bling vun der deemoleger Rap-Zeen. Der Riperton hire Sample ass an dësem Fall e perfekt Géigegewiicht zu der aggressiver an akkurater Wuertwiel vum Fabe.

E Lidd, dat de Fabe warscheinlech kritiséiert hätt, ass de "Lil Yachty Feat. Gucci Mane". De Producer BYOU$ loopt hei zwou Sekonne der Riperton hir hell Stëmm, hannerleet dat Ganzt mat enger fetter Perkussioun a mixt et mam Lil Yachty sengem Flow. Dobäi erauskoum hire "Bentley Coupe".

Ee vun de Pionéier vum Dubstep Mouvement heescht Coki. Hien ass eng Hallschent vun der Grupp Digital Mystikz an huet Ufank den 2000er eng gutt zwou Dose Maxien erausbruecht, déi den Sound vun Dubstep definéiert hunn. Eng dovunner ass "Ruff Lovin'" vum Joer 2011. Si koum um Coki sengem eegene Label AWD eraus an d'Plack kascht haut wäit iwwer 100 Euro.

Musek

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow