Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt. Fir d'éischt huet den Trio sech Poets, kuerz drop The Insiders a schlussendlech am Joer 1968 The Main Ingredient genannt. Enn 60er an Ufank 70 brénge si eng ganz Rei méi oder manner erfollegräich Albumen eraus, dorënner: "LTD", "Tasteful Soul" a "Black Seeds". Ënner der Leedung vum Plackeproduzent Bert DeCoteaux erreeche The Main Ingredient 1970 fir d'éischte Kéier d'R&B Top 30 Hits mat hirem véierten Album: "Bitter Sweet". Mee no e puer Hits stierft leider hire Lead-Sänger Don McPherson mat nëmmen 29 Joer u Leukemie. Fir weider kennen ze touren, ersetzen déi zwee aner Membere vun der Grupp Tony Silvester a Luther Simmons dee verstuerwene Sänger duerch hiren deemolege Backup Sänger, Cuba Gooding Senior. Dat war keen anere wéi dem Cuba Gooding Junior, deem bekannten Hollywood Schauspiller, säi Papp. Mat him hu si eigentlech direkt Erfolleg a bréngen 1973 "Afrodisiac" eraus a just herno déi Plack, ëm déi et hei geet: "Euphrates River", hire sechsten Album.
Op dëser Plack gëtt et zum Beispill den Hit "Just Don't Want to Be Lonely" an eng Reprise vum Stevie Wonder sengem Lidd "Don't You Worry 'Bout a Thing". Den Album weist der Grupp hir meeschterhaft Gesangsqualitéiten a Musikalitéit. Si kenne sech Lidder aus ganz verschiddene Quellen einfach appropriéieren an eppes ganz Neies doraus maachen.
Mee hei schwätzt de Bobby Bieles iwwer "Summer Breeze". Et staamt ursprénglech vum amerikanesche Soft-Rock-Duo Seals and Crofts vun 1972. D'Lidd gouf och vun den "Isley Brothers" am Joer 1973 gecovert, mee déi eenzeg Versioun, déi reegelméisseg gesampelt gëtt, ass déi vu The Main Ingredient.
Déi düster Drums a Keyboards vum Ufank vum Lidd goufen Dosende Mol am Hip-Hop gesampelt, woubäi déi bekanntste Versioun déi vum Notorious BIG bleift. Déi puer éischt Noute vu sengem "Things Done Changed" sinn effektiv direkt erkennbar. De Biggie schwätzt hei iwwer Drogeproblemer a wéi Crackcocaine d'Stroossen a sengem Quartier iwwer d'Joren ëmmer méi geféierlech gemaach huet. Dat war dat éischt Lidd nom Intro op sengem éischten Album "Ready to Die" vun 1994.
D'Lidd gouf och puer Joer drop vu Fünf Sterne Deluxe benotzt. Das Bo, Tobi Tobsen, DJ Coolmann a Marcnesium hunn dat op hirem Album "Sillium" vun 1998 gesampelt.
E lescht Beispill ass eent vun de manner bekannte Lidder vun der Kult Grupp Portishead. Si maachen 1994 d'Lidd "Earth Linger" op hirer EP "Numb" doraus.