Ënner hirem ursprénglechen Numm Raw Soul ass d'Band 1971 op San Francisco geplënnert, esou gouf och de Marvin Gaye op si opmierksam. Hien huet si als Support op seng USA Tour matgeholl an huet hinnen 1976 proposéiert, datt si hiren Numm Raw Soul änneren.
Maze huet 1977 hiren Debutalbum, "Maze featuring Frankie Beverly", erausbruecht. Si haten och Erfolleg mat den Albumen "Golden Time of Day" (1978), "Inspiration" (1979) a "Joy and Pain" (1980).
Deemools gouf d'Band immens erfollegräich an Amerika an a Groussbritannien vum britteschen DJ Robbie Vincent ënnerstëtzt.
Hir nächst Opnam war "Live in New Orleans", vun deenen dräi Véierel am Saenger Theatre de 14-15 November 1980 opgeholl gouf. Dräi vun dëse Lidder koumen an d'R&B Charts, dorënner "Running Away", "We Need Love to Live" an dat Lidd, iwwer dat mir hei schwätzen "Before I Let Go".
Bis 1993 huet "Maze" néng Gold Alben erausbruecht. Maze huet eng grouss an aktiv Fanbase behalen an tourt bis haut weider an den USA an an Europa. Als Hommage deet de Publikum sech, deen op Maze-Concerten geet, och ëmmer, genee esou wéi d'Band, ganz wäiss un! "Before I Let Go" ass eng optimistesch Hymn a fir vill Leit eng Opfuederung zur Vereenegung.
Et ass ëmmer en Hit an allen DJ-Sets, an dat hunn och etlech Hip-Hop-Produzente gemierkt, wéi si de Song gesampelt hunn.
Keith Murray filtréiert just déi catchy Basslinn eraus fir säi "The Rhyme" doraus ze maachen. D'Lidd ass produzéiert vun engem vun den beschte Beatmaker vun der Eastcoast, den Eric Sermon vun der Grupp EPMD. Dat Lidd war op sengem zweeten Album "Enigma", deen 1996 erauskoum.
Dat wat méi erstaunlech schéngt ass deR Beyoncé hiren Hommage u "Maze" wärend hirem Homecoming Concert. Effektiv gouf si 2018 gebucht fir Headliner zu Coachella ze sinn a covered "Before I Let Go" a senger Integralitéit.
Si frëscht d'Lidd vun 1980 mat e puer New Orleans Bounce Elementer op, an dat Ganzt gouf aktualiséiert vun der Megastar vum amerikanesch Rap, dem Tay Keith.
Hien ass bekannt fir seng Kollaboratioune mat Drake oder Travis Scott. De Concert vun der Beyoncé gouf jo och a senger verfilmter Versioun op Netflix e grousse 60 Milliounen Dollar Succès.