Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp aus Philadelphia, Pennsylvania. Gegrënnt am Joer 1971, besteet d'Grupp aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge. Si hunn eng Handvoll Singles Ufank 70er erausbruecht an haten souguer Optrëtter zu Tokyo an hunn och 74 am Zaire nieft dem James Brown wärend dem Rumble in the Jungle Boxing Event gespillt. Si hunn eng gescheit Mëschung vun Pop-R&B am Genre vun den Jackson 5, Philly Soul, Funk an Disco gespillt. D'Grupp huet vill op der Eastcoast getourt, dorënner New York, New Jersey, an Heemechtsstad Philadelphia. Virun 1979 war Sister Sledge kee grousse Numm an der R&B/Disco Welt. Si erreechen hire kommerziellen Héichpunkt wärend der Disco Ära, hiren Duerchbroch hunn si 1979 mat hirem Album "We Are Family". D'Leit, déi fir hire kommerziellen Erfolleg zoustänneg waren, sinn den Nile Rodgers a Bernard Edwards. Déi 2 Memberen vun der Grupp Chic hunn all d'Schreiwen, d'Produktioun an d'Arrangement vun dësem Album geréiert. Niewend senger Grupp Chic ass den Nile Rodgers verantwortlech fir Welthits vun Diana Ross, David Bowie, Madonna, an an der lescht souguer Daft Punk oder Beyoncé. Et ass also net iwwerraschend, dass bal alles op "We Are Family" e bëssen no Chic klengt. Dat stemmt besonnesch fir déi 2 Titelen "We Are Family" an "He's the Greatest Dancer". D'Grupp gouf fir e Grammy Award nominéiert an "We Are Family" gouf als offiziell Hymn fir d'Baseball Equipe "Pittsburgh Pirates" ugeholl, déi dat Joer d'Weltmeeschterschaft gewonnen hunn. Doropshin war Sister Sledge invitéiert fir d'Nationalhymn beim Eröffnungsspill virun 45.000 Fans ze spillen.
"He's the Greatest Dancer" gouf vum Will Smith a senger 1997 Nummer 1 Hit Single "Gettin' Jiggy wit It" gesampelt, déi éischt Single, déi hie vu sengem Album "Big Willie Style" erausbruecht huet.
Am Joer 2000 huet den DJ Tony Touch eng nei Versioun vum Lidd opgeholl, mam Titel "I Wonder Why? (He's the Greatest DJ)," deem seng Texter vum Keisha Spivey a Pam Long vun der R&B Girl Group Total gesongen goufen. Dat war op sengem éischten Album "The Piece Maker".