De Sample vun der Woch
Charles Bradley - The World
10 min
Den Charles Bradley aka "The Screaming Eagle of Soul" huet laang gebraucht fir bekannt ze ginn, an säin Rum huet och leider just kuerz gedauert. Hien ass 1948 zu Florida gebuer, mee huet seng Jugend zu Brooklyn, New York verbruecht. Nodeems seng Schwëster hien 1962 op en James Brown Concert bruecht huet, war hien sou beandrockt vum Brown senger Energie op der Bün dass hien ab dee Moment ëmmer nees probéiert huet eng Sänger Karriär ze starten. Mee mat 14 ass hien doheem fortgelaf an huet 2 Joer laang op der Strooss gelieft. Fir dem obdachlosen Liewen ze entgoen huet hien fir 10 Joer eng Aarbecht als Kach ugeholl. Nodeems hien och keng Loscht méi do drop hat, ass hien e bëssen duerch Amerika gereest an huet sech finalement 1978 an Kalifornien niddergelooss wou hien sech 20 Joer laang vun verschiddenen Jobs an och klengen Gigs iwwer Waasser gehalen huet. Hien ass heiansdo souguer als James Brown Imitatioun agestallt ginn wou hien sech dann Black Velvet genannt huet. An den 90er ass hien zeréck op New York geplënnert fir seng Mamm ze ënnerstëtzen. Zu New York huet hien weiderhin den James Brown an verschidden lokalen Clubs nogemaach. Dorops hin huet den Gabriel Roth vun Daptone Records hien héieren. Den Roth invitéiert den Bradley fir e puer Mol mat Museker vun sengem Label ze prouwen. D'Leit verstinn sech all super an den Bradley kritt quasi Enn Fofzeger säin éischten Plackevertrag. Hee bréngt also 2011 säin éischten Album "No Time for Dreaming" eraus. Hien geet mat deem Album an mat der Menahan Street Band déi och op deem Label ënnerschriwwen hunn op Welttournée an huet mega Succès, obwuel säin Liewen ëmmer nach vun Héichten an Déiften markéiert ass. Zum Beispill ass säin éischten gréissten Hit "The World (Is Going Up in Flames)" inspiréiert vum Doud vun sengem Brudder, deen vun sengem Neveu ermort ginn ass. Hien hellt 2013 an 2015 nach 2 weider Alben op virun dass hien 2017 leider un Kriibs stierft.
Vill Leit am Hip-Hop hunn di déif Dramatik am Lidd "The World (Is Going Up in Flames" gespuert an et gesampelt. Mäin lieblings Beispill ass wuel dat heiten: den Houston Rapper Slim Thug benotzt hei dem Charles Bradley säin Sample op sengem Lidd "This World". Den Beat ass vum Produzent TrakkSounds an dat ganzt war op sengem Album Thug World vun 2020.
Aner Rapper déi hien gesampelt hunn ginn vun Stalley oder Rasco bis Umse, mee generell kann een soen dass den Sample ni vir eppes Lëschteges gebraucht ginn ass, och wann d'Lidder um Endeffekt meeschtens en Funken Optimismus weisen.