Radioen

On air

Thé Dansant  |  Patrice Rushen - Settle For My Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Jean Claude Vannier - Les gardes volent au secours du roi

Jean Claude Vannier - Les gardes volent au secours du roi

headphones

10 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Dem Jean Claude Vannier säin Afloss als Komponist, Arrangeur, Dirigent oder Produzent ass bei der franséischer Chanson a Filmmusek quasi net ewechzedenken. De Vannier ass 1943 bei Paräis gebuer. Hien huet sech de Piano mat 18 selwer bäibruecht, huet dorops hin eng Aarbecht an engem Studio fonnt an huet do seng selwer geléiert Musekstheorie ëmgesat. Vun do aus huet hie sech bis zu engem vun de beschte Studio-Arrangeuren eropgeschafft, virun allem an der franséischer Pop-Musek vun den Ufank 70er. Seng Aarbecht fir aner Artisten ass quasi méi bekannt wéi seng eegen. Hien huet mat Leit wéi Gainsbourg, Michel Legrand, Jane Birkin, Brigitte Fontaine, Françoise Hardy, Michel Polnareff an Dosenden anere geschafft. Hien hat och eng erfollegräich Karriär als Filmmusek-Komponist. 1971 arrangéiert hie fir de Serge Gainsbourg de Chouer a Sträichinstrumenter op sengem Meeschterwierk "Histoire de Melody Nelson". Hir Kollaboratioun wäert e puer Albume laang daueren, notamment op de Soundtracks vu "Cannabis", "La Horse" a "Slogan".

Kuerz drop, an zwar 1972, schreift hie säin éischten eegene Konzept-Album "L'enfant assassin des mouches", dee mëttlerweil Kultstatus bei de Plackesammler erreecht huet. Dem Gainsbourg säin Afloss ass dorop däitlech ze héieren. Ursprénglech war den Album just 100 Mol fir Promotioun gepresst ginn, mee wéinst der grousser Nofro gouf e schlussendlech 2003 reeditéiert. Et ass eng experimentell Mëschung vu Library- a Filmmusek, gemixt mat progressivem a psychedeleschem Rock, Funk, Musique concrète, Field recordings a klassescher Musek. De Vannier spillt selwer Piano, Flütt oder dirigéiert säin Orchester heiansdo. Hie léisst hei elektresch Gittar, Bass, Drums, Perkussioun, Bléiser, en Akkordeon an e Chouer zesummespille fir seng Avant-Garde-Kompositiounen ze interpretéieren. Dat Ganzt klengt heiansdo herrlech, heiansdo richteg ustrengend, mee ëmmer extreem innovativ. De Vannier bréngt et hei fäerdeg, datt dat Ganzt vill méi grouss ass wéi d'Zomm vun den eenzelen Deeler. De Jean Claude Vannier gëtt och de franséischen David Axelrod genannt. Den Album gouf begleet vun enger klenger Geschicht, déi vum Gainsbourg geschriwwen ass.

De Bobby Bieles war nach méi erstaunt, wéi hien héieren huet, wien den Track gesampelt huet, an zwar dee kontroversen däitsche Rapper Haftbefehl op sengem Track "1999 Pt. 1". Hie benotzt de Chouer vum Ufank vum Lidd "Les gardes volent au secours du roi" an hannerleet dat Ganzt mat enger fetter Perkussioun. Dat war déi éischt Maxi vu sengem Album "Russisch Roulette" vun 2014.

Musek

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow