Radioen

On air

Thé Dansant  |  Janis Joplin - As Good As You've Been To This World

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Dorothy Ashby - The Windmills of your Mind

Dorothy Ashby - The Windmills of your Mind

headphones

7 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Dëst Lidd war ursprénglech eng franséisch Chanson vum Michel Legrand an huet "Les moulins de mon cœur" geheescht. Et gouf vu villen Artiste gecovert, zum Beispill Dusty Springfield oder José Feliciano, mee hei schwätze mir vun der Ashby hirer Versioun. Et war un der Ashby hirem aachte Solo Album "Dorothy's Harp", deen 1969 um Cadet Label erauskoum. Et ass e funkeschen Album mat Melodien, déi gären am Kapp hänke bleiwen. D'Dorothy Ashby ass eng Jazz Harfspillerin, déi 1932 zu Detroit gebuer gouf. No enger klassescher musikalescher Erzéiung huet si sech op d'Harf spezialiséiert. D'Harf ass en Instrument, dat dacks vergiess oder op der Säit gelooss gëtt. D'Ashby huet dësem Instrument eng zweet Jugend geschenkt, andeems si et op enger ausseruerdentlech funky Aart a Weis benotzt huet. Si hat enorm Schwieregkeeten sech wéinst hirer Hautfaarf als Harfspillerin ze imposéieren. Puer Jazz-Museker hu sech och dogéint gewiert, eng Harf an hir Formatioun eranzehuelen, well d'Harf éischter mat klassesch Musek associéiert gëtt. Dat heescht am Ufank war d'Ashby eleng ënnerwee oder mat hirem Mann un den Drums, an engem anere Museker op der Flütt. Finalement huet si et fäerdeg bruecht d'Harf perfekt an den Jazz-Milieu ze integréieren. Souguer de Bill Withers oder Stevie Wonder hu spéider op der Ashby hir Lidder zeréckgegraff.

Der Dorothy hiert "The Windmills Of Your Mind" gouf e puermol am Hip-Hop gesampelt, zum Beispill am selwer produzéierte "Locked" vum Rapper Pacewon. De Sample gëtt hei onverännert an engem Stéck geloopt a mat enger Perkussioun hannerluecht, wärend de Pacewon doriwwer rappt.

E bëssen anescht verleeft et beim Pete Rock produzéierten "All I Know" vum Rapper a Beatboxer Rahzel. Hie zerschnëppelt hei de Sample bis en net méi ze erkennen ass a gëtt deem Ganzen eng nei Dynamik.

E lescht Beispill ass d'Mélat an hire liichten R'n'b an hiren Titel "Fanclub" vun 2014. Den Track ass produzéiert vum kalifornesche Beatmaker Jansport J.

Musek

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow