De Sample vun der Woch
Otis Redding - Try A Little Tenderness
4 min
Dem Otis Redding seng Interpretatioun vum Lidd "Try A Little Tenderness". Ursprénglech ass dat Lidd 1932 erauskomm an ass ëmmer rëm vun verschidden Kënschtler nei gecovert ginn. Déi Versioun déi eis haut interesséiert ass déi vum Otis Redding déi 1966 op sengem Album "The Otis Redding Dictionary of Soul" erauskomm ass. Otis Redding war een vun den gréissten amerikaneschen Soul an r'n'b Kënschtler vun senger Zäit an stellvertriedend fir dat wat een haut "Southern Soul" nennt. Hien ass 1941 zu Georgie, USA gebuer. Als Kand huet en am Gospel Chouer vun senger Kierch gesongen, an mat 10 huet en Piano, Gittar an Drums geleiert. Nodeems hien Enn 50er e puer Talentshowe gewonnen huet, gëtt den deemolegen Rockstar Little Richard op hien opmierksam an stellt en an seng Grupp "The Upsetters" an. Little Richard bleift säin ganzt Liewen laang en groussen Afloss, genau sou wei Sam Cooke. Ufank 60. plënnert hien op Los Angeles an probéiert sech do als Solo Act. No e bëssen hin an hier mëscht hien säin Debut um Label Stax, wat och direkt en Hit gëtt. Mëtt 60. war den Redding absolut etabléiert an eng vun den berühmtesten Stemmen op der Welt. Mat sengen 1 Meter 85 an sengen bal 100 Kilo war hien en imposanten Personnage mat enger kräfteger Stemm, mee hien huet och ganz gär seng vulnerabel Säit gewisen an war en Pionéier an Saachen Rock an Soul. 1966 bréngt hien dann och dat heiten Lidd eraus. "Try A Little Tenderness" geet lues an soulesch un, an entwéckelt sech an eng frenetesch r'n'b Konklusioun. Et ass arrangéiert vum Isaac hayes an kennt och op Stax eraus. Kuerz virun sengem dout hellt hien säin gréissten Hit "(Sittin' on The) Dock of the Bay" op an stierft leider e puer Deeg drop mat 26 an engem Fliger Accident.
E puer Rapper hunn sech drun probéiert "Try A Little Tenderness" ze samplen, woubäi dat bekanntst warscheinlech vum Jay-Z an Kanye West ass. Si samplen dem Redding säin Lidd op hirem Hit vun 2011 "Otis". Et ass méi wéi just eng Hommage, si schreiwen nämlech nierwend den Titel ganz däitlech "Featuring Otis Redding". Den Kanye West ass hei un der Produktioun, an hien modifizéiert d'original Lidd wéi gewéinlech net sou vill, hien mixt et just mat enger fetter Perkussioun an léisst den Jay-Z doriwwer rappen. Den deemolegen Video ass vum Spike Jonze gedréint ginn. D'Lidd war op hirem kollaborativen Album "Watch The Throne".Mee zu Lëtzebuerg ass den Sample och benotzt ginn, an zwar op der EP "Les frères de la jungle" vun den 2 Bridder Kalo de 78 an Gospel MC. Perséinlech fannen ech deen Beat méi interessant wéi dem Kanye West säin. Di Lëtzebuergesch Versioun ass 2012 erauskomm an ass nach ëmmer um Band Camp vun Alpha Toshineza verfügbar.