Radioen

On air

Thé Dansant  |  Isaac Hayes And David Porter - Ain't That Loving You (For More Reasons Than One)

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Krzysztof Komeda - Rosemary's Baby

Krzysztof Komeda - Rosemary's Baby

headphones

6 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

"Rosemary's Baby" ass en amerikaneschen Horrorfilm vun 1968 mat der Mia Farrow an der Haaptroll. Am Film geet et ëm Schwangerschaft a Satanismus. De Film gëtt allgemeng als ee vun den wichtegsten Horrorfilmer ugesinn. D'Musek vum Film ass e richtegen Ouerwuerm a gouf geschriwwe vum Pol Krzysztof Komeda, en europäeschen Jazz Pianist a Soundtrack Komponist. De Filmdirekter Roman Polanski war e seriöe Fan vum Komeda, dee schonn d'Soundtracke vum Polanski sengen éischte méi klenge Filmer geschriwwen hat. De Komeda huet déi Opträg all gären ugeholl, a wéi et zum Polanski sengem éischte groussen Hollywood Film koum, war et ganz natierlech, datt hien nees de Komeda gefrot huet. De Komeda war eigentlech Dokter, mee huet a sengem kuerze Liewe bal 70 Soundtracke geschriwwen. Hien ass leider mat 37 Joer gestuerwen a "Rosemary's Baby" war säi leschte Soundtrack. D'Leitmotiv vum Soundtrack ass e Schloflidd, dat extra fir de Film geschriwwen gouf an heescht entweder "Rosemary's Lullaby", oder och heiansdo "Sleep Safe and Warm". D'Stëmm, déi een héiert, ass vun der Mia Farrow selwer.

Verschidde Leit hunn dem Komeda säi Leitmotiv gesampelt, mee et konnt ni eppes Lëschteges doraus gemaach ginn. Mäi Liblings-Beispill ass den Necro aus dem Joer 2012. D'Lidd fänkt u mat enger Citatioun vum Charles Manson an erzielt déi richteg Geschicht vun der Sharon Tate, enger amerikanescher Schauspillerin, déi vun der Charles Manson Sekt am Joer 1969 ermort gouf. D'Sharon Tate war schwanger an dem Polanski seng Fra, wat dat Ganzt nach méi düster a verstéierend mécht.

Et gëtt och e relativ onbekanntent Lidd vu Suicide Boys, dat "Royal" heescht an dee selwechte Sample benotzt. Déi zwee selbstänneg Artisten aus New Orleans hunn dëst Lidd 2015 op hirem Soundcloud erausbruecht.

Eng aner interessant Re-Interpretatioun ass déi vun der avant-garde Metal Grupp Fantomas. Si spillen hei eng fräi Adaptatioun vum Komeda sengem Lidd a gräife souwuel op Metal, wéi och op Free-Jazz Formen zeréck fir dësem Track en neien Touch ze ginn. Dat war op hirer 2001 Kompilatioun "The Director's Cut".

Musek

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow