arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Sample vun der Woch

Episoden

Kraftwerk - Trans Europe Express

Kraftwerk - Trans Europe Express

Ee Meeschterwierk vun der Grupp vun Düsseldorf, um sechsten Album, 1977 bei Kling Klang Records erauskomm, geschriwwe vum Ralf Hütter als Hommage un deen neien Zuch.
headphones

4 min

play_arrow

Gil Scott-Heron - The Revolution Will Not Be Televised

1971 um Aktivist, Jazz-, Soul- a Blues-Dichter sengem éischten Album "Pieces Of A Man" erauskomm.

Steely Dan - Black Cow

D'Lidd "Black Cow" war op der Grupp hirem sechsten Album "Aja", deen 1977 erauskoum, hire gréissten Succès. Um Album si bal 40 Museker implizéiert.

The Gap Band - Outstanding

All Hip-Hopper-Häerz schléit e bësse méi séier, wann en d'Bongoen am Ufank vun dësem Lidd héiert.
Baby Huey - Hard Times

Baby Huey - Hard Times

De Baby Huey hat Succès an den 60er zu Chicago an ass ee vun den ënnerschätzte Soul Sänger ever. Seng Stëmm gëtt dacks mat där vum Otis Redding verglach.

Carl Carlton - She's A Bad Mama Jama (She's Built, She's Stacked)

Dem amerikanesche R'n'B-, Soul- an Funk-Sänger säi Lidd koum 1981 eraus. Hie kënnt ganz bescheiden aus dem Gospel - bis hien Enn 60er op Lando Records ënnerschreift.

Bobby Caldwell - What You Wont Do For Love

De Caldwell war schonn e bekannte Club Museker, an dat dote war déi éischt Maxi vu sengem éischten Album - a gouf säi gréissten Hit. 1978 op TK Records erauskomm.

George Duke - Dream On

Den George Duke ass en amerikaneschen Keyboard Spiller, Komponist a Singer-Songwriter, deen iwwer 30 Albumen erausbruecht huet.

Toto - Georgy Porgy

"Georgy Porgy" vun der Grupp Toto geschriwwen besetzt en simpelen mee effikassen Intro deen ennert aanerem vum Eric Benet gesampelt gouf.

Isaac Hayes - A Few More Kisses To Go

1979 ass d'Lidd "A Few More Kisses To Go" vum Isac Hayes erauskomm.

Aaron Neville - Hercules

Dem Aaron Neville sain Lidd "Hercules" huet eng onverkennbar Bassline.
The Spinners - It's a Shame

The Spinners - It's a Shame

Eent vun den éischte Lidder, déi de Stevie Wonder net fir sech selwer geschriwwen huet, mee fir eng aner Grupp - The Spinners.
headphones

7 min

play_arrow

Mary Jane Girls - All Night Long

D'Lidd koum 1983 eraus. D'Grupp an d'Lidd sinn e Produkt vum Rick James senger Fantasie. D'Mary Jane Girls waren nämlech dem Rick James seng Background Sängerinnen.
Syl Johnson - Different Strokes

Syl Johnson - Different Strokes

Déi weltbekannten Intro vum Lidd "Different Strokes" staamt vum Syl Johnson, e bekannte Soul a Blues Sänger aus Mississippi.

Ronnie Foster - Mystic Brew

"Mystic Brew" war um Album "Two Headed Freap" (1972) vun engem vun de gréissten Organiste vun der Soul-Jazz Beweegung Enn 60er bis Ufank 70er Joren.

Placebo - Humpty Dumpty

1971 koum "Ball Of Eyes", den Album vu Placebo, eraus mam Lidd "Humpty Dumpty".

Paul Mauriat - Melancholy Man

Dee franséische Komponist vu Marseille a säin Orchester hunn 1971 "Melancholy Man" erausbruecht um Album "El Condor Pasa.

Patrice Rushen - Remind Me

1982 huet d'Patrice Rushen "Remind Me" erausbruecht.

Luther Ingram - To The Other Man

De Luther Ingram huet 1972 d'Lidd "To The Other Man" erausbruecht. Et war en Deel vu sengem éischten Album "I've Been Here All the Time".

Jeremy Steig - Howling For Judy

D'Lidd koum 1970 um Museker sengem Album "Legwork" eraus. De Steig war ee vun deenen éischten a beschten Jazz Flütte Solisten.