Des onverkennbar Bassline staamt vum Aaron Neville sengem Lidd "Hercules". Dat ass 1973 erauskomm. Den Neville huet an den 50' Joren zu New Orleans als RnB Sänger ugefaangen. Wéinst e puer Problemer mam Gesetz hat hien seng éischt Succès'en an den 70'. Hien hat den Duerchbroch zesummen mat sengen Bridder an den "Neville Brothers". Seng Musek ass eng Mëschung vun New Orleans Funk an RnB. Säin Markenzeechen ass eng onverwiesselbar smooth mee staark Stemm. Hien erzielt hei an sengem Lidd vun engem Mann deen säin Bescht mécht fir d'Stroossen clean ze halen. Den Kontrast vum Neville senger Stemm an der aggressiver Bass gëtt dem Lidd eng gutt Dynamik. Hercules as en Lidd dat et leider op keen Album geschafft huet. Et ass wéinst techneschen Problemer och net op Plack erauskomm, et sinn denoch e puer iwwerdeiert Promo-Placken op Internet ze fannen. D'Lidd schafft et finalement an den 90' op verschidden Kompilatiounen. D'Häerz vun dësem Lidd ass natierlech di ontypesch Bass déi sou oft gesampelt ginn ass. D'Backing Vocals sinn vun de Grupp "The Meters".
Een vun deenen leschten Kënschtler déi den Hercules gesampelt hunn ass keen aneren wei den Action Bronson. Zesummen mat sengem Produzent "Party Supplies" hunn si dat Lidd "Steve Wynn" erausbruecht. Dat war op hirer Kollaborativer Mixtape "Blue Chips" déi 2012 erauskomm ass. Den Rapper sampelt hei ganz einfach den Satz "Jungle rule can't be no fool" an rappt wei gewéinlech op eng dekomplexéiert Aart an Weis iwwert seng kierperlech Iwwerleeënheet.
UGK haten den Sample schonn e puer Joer virdrun geholl an zwar op hirem Lidd "Chrome Plated Women". Dat war op hirem Duebelen Album "Underground Kings" vun 2007. D'Produktioun ass vun Pimp C. Dat war hiren 5. an leschten Album virun dass Pimp C leider gestuerwen ass. Dat war den groussen Comeback vun UGK, nodeems den Pimp C huet missten e puer Joren missten am Prisong bleiwen. Si ginn alles op dësem Titel. Den Arrangement ass natierlech perfekt megaloman, sou wei all Track deen den Pimp C produzéiert huet.
Mee den Biz Markie hat den Sample schonn fréier benotzt, an zwar op sengem Lidd "A Thing Named Kim". Dat war eigentlech eng Parodie vum Grandmaster Caz sengem Track "A Girl Named Kim". Et ass 1989 op sengem zweeten Album "The Biz Never Sleeps" erauskomm. Am Lidd geet et dorëms dass hien eng Frae an engem Club umécht, deen sech um Enn als Mann entpuppt. Hei geet et em Eighties-Storytelling vum Feinsten.