arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Paul Mauriat - Melancholy Man

Paul Mauriat - Melancholy Man

De Paul Mauriat a säin Orchester hunn 1971 "Melancholy Man" erausbruecht, ze fannen um Album "El Condor Pasa". De Mauriat ass e franséische Komponist vu Marseille, deen eng ganz produktiv Karriär hat. Hien huet iwwer 1.000 Concerte gespillt a 1.500 Lidder erausbruecht. Hie war Dirigent an engem vun den éischte Pop-Jazz Orchesteren an de 40er a 50er Joren an zu dëser Epoch enorm vill op Tournée. Zu engem spéideren Zäitpunkt gouf hie Studio-Komponist an Arrangeur fir Kënschtler wéi zum Beispill der Mireille Matthieu. Hien huet och vill Soundtracke geschriwwen, wéi zum Beispill dee ganz bekannte "Gendarme de St.Tropez", oder "Faites sauter la banque" vun 1964. Mee deen heiten Album "El Condor Pasa" ass brillant. E besteet aus funky cinematographeschen Elementer, mat engem soulfulen Twist. All Keyboard-Nout, Drumschlag oder Bassline ass on point. Et klengt e bëssen no Seventies-Fernsee-Krimi-Serië-Soundtrack, mat e bësse Bigband a Latin Influenzen. Et erënnert och e bëssen u Blaxplotation Filmer.


De Mauriat gouf reegelméisseg gesampelt, wéi zum Beispill vum Jaylib um Lidd "Mc Nasty Filth". Dat war um Album "Champion Sound" vun 2003 beim Label Stonesthrow ze fannen. Jaylib ass eigentlech eng Kollabo tëschent Madlib, deen hei d'Produktioun gemaach huet an dem J Dilla, deen hei rappt, dat Ganzt begleet vun der Grupp Frank-n-Dank. Am Videoclip zu dësem Lidd hänke si all ganz klischeehaft am Stripclub zu Los Angeles.


2003 huet de Phil Da Agony de Sample e bëssen anescht benotzt. Säi Lidd "Train Hard" war ze fannen op senger Mixtape "Smoke Fest". Phil Da Agony ass e Westcoast Underground MC, Member vun der Likwit Crew. Hien ass e respektéierte Freestyler a gehéiert zu der Entourage vun Dilated Peoples.


De Rapper a Producer Necro huet och dem Mauriat säi Lidd benotzt fir en Track ze bauen, mee mat engem Sample, deen zu engem spéideren Zäitpunkt am Lidd kënnt. Hien huet domadder säi "Reflection Of Children Coming Up In The Grave" gebaut. Dat war op sengem drëtten Album "The Pre-Fix For Death", deen 2004 op Psycho Logical erauskoum. Necro rappt a produzéiert alles selwer an ass de stolzen Erfinder vum Deathrap, dat ass eng Mëschung tëschent Metal an Hip-Hop. Den Necro traut sech hei eng ganz geféierlech Mëschung: hie mixt de Mauriat mat original Opname vum Charles Manson op sengem Lidd.

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow