arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Patrice Rushen - Remind Me

Patrice Rushen - Remind Me

1982 huet d'Patrice Rushen dëst Lidd hei erausbruecht: "Remind Me" war op hirem siwenten Album "Straight From The Heart" ze fannen, deen op Elektra Records erauskoum. D'Patrice Rushen ass eng talentéiert Multi-Instrumentalistin, Komponistin a Songwriterin. Si hat ursprénglech eng Jazz-Pianist-Formatioun an huet scho fir Leit wéi Donald Bird oder Jean-Luc Ponty gespillt. Ufank vun den 80. Joren probéiert si sech modernem Pop an R'n'B opzemaachen a gëtt doduerch séier en internationale Star. "Remind Me" ass en effikasse Post-Disco-Hit. Et war leider keng Single Auskopplung vun hirem Album, mee e gouf dofir awer ganz dacks gesampelt. Spéider huet d'Patrice Rushen d'musikalesch Direktioun fir Albume vun der Janet Jackson geholl oder si war an der Jury fir d'Grammy Awards.


1997 huet de Common dëst Lidd gesampelt fir säi "Reminding Me (Of Sef)". Et war present op sengem drëtten Album "One Day It'll All Make Sense". Den MC aus Chicago rappt zanter méi wéi 20 Joer. Niewent sengen üblechen deepen an emotionalen Tracks bréngt hien hei e feierlecht Uptempo-Lidd eraus. Dat Ganzt ass produzéiert vum Y-Not.


Fir och mol e bëssen eppes aus Frankräich ze erzielen: den Hasheem, deen éischten New Jack Swing Sänger aus Frankräich, huet der Rushen hiert Lidd och gesampelt fir säin Track "Sans Repères" doraus ze maachen. D'Lidd war zesumme mam Fabe & Koma entstanen a war um Album 1998 "Il a fallu". D'Lidd ass dacks op Cutkiller Mixtapes ze héieren, zum Beispill "Hip-Hop Soul Party Vol.3".


En anert Beispill vun engem gesampelte Lidd ass 5 ela (Remix) vun der Grupp Slum Village. Et ass natierlech vum J Dilla produzéiert, de bekanntste Beatmaker aus Detroit. Et war 1997 op hirer éischter Demo "Fan-Tas-Tic (Vol. 1)" ze fannen an ass méi eng funky Approche zum Sample.


Als leschte Kandidat weisen ech nach der Patra hiert d'Lidd "Worker Man (Salaam Remix)". Et ass vu hirer "Worker Man EP" vun 1993. Dat war der Patra hire gréissten Hit. Si huet dacks mat Dancehall Stars wéi Shabba Ranks geschafft. Hiren Numm ass eng Ofkierzung vu Cleopatra, a si nennt sech och Queen of the Dancehall.

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow