arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Kraftwerk - Trans Europe Express

Kraftwerk - Trans Europe Express

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

4 min

"Trans Europe Express" ass e Meeschterwierk vun der Grupp Kraftwerk vun Düsseldorf. Dat war um sechsten Album, deen 1977 bei Kling Klang Records erauskoum. Et war hir éischt Maxi, d'extended Version vun dësem Lidd ass esouguer 13 Minutten laang. Et gouf geschriwwe vum Ralf Hütter als Hommage un deen neien Zuch, deen zanter Kuerzem ganz Europa verbonnen huet. Et ass e bëssen dat selwecht Konzept, wéi bei hirem fréieren Hit "Autobahn" - et geet dorëms eng musikalesch Interpretatioun fir de Sound vun engem Trip am Zuch ze imitéieren. De ganzen Album ass dohier e bësse wéi eng Rees: et gi laang, repetitiv a kal Melodien, op monoton a Computer-generéierte Beats. Den Album ass minimalistesch a mechanesch, esouguer onmënschlech heiansdo, mee am Gudden. Et war jiddwerfalls revolutionär fir d'Epoch. Den Track huet eng onwarscheinlech Ierfschaft hannerlooss. E gouf natierlech am Hip-Hop gesampelt, mee och Leit aus dem Punk oder Rock huet en enorm beaflosst. Joy Division oder Radiohead gehéieren zu de gréisste Fans zum Beispill!


Déi bekanntst Utilisatioun vum Sample ass natierlech vun Africa Bambataa & The Soulsonic Force op hirem Lidd "Planet Rock", dat 1982 bei Tommy Boy erauskoum. De Bambataa war scho virdrun ee bekannten Hip-Hop-DJ an huet zesumme mat senger Zulu Nation Block Parties an der Bronx organiséiert. "Planet Rock" gouf e Welthit a war quasi zäitgläich mat "Sugarhill Gang" a "Grandmaster Flash" an den Charts. Et stoung eng gutt Zäit fir Innovatioun am Hip-Hop! De Bambataa ass zanter Kuerzen aus der Zulu Nation ausgetrueden.


1999 huet den 113 Clan Kraftwerk fir hiert Lidd "Ouais Gros" gesampelt. Dat war um Album "Les Princes De La Ville". D'Produktioun ass vum DJ Mehdi. Hie war e Visionär, well fir hie gouf et keng Grenzen tëschent Elektro an Hip-Hop. Nach viru Kanye West oder aner Elektro-Hip-Hop-Experimentatioune mécht hien hei en direkten Hommage u Kraftwerk.


De Madlib huet sech och dru probéiert, an zwar mat engem Lidd vu senger Serie "The Beat Konducta". D'Lidd heescht "Open (Space)". Seng Beats klenge wéi gewéinlech skizzenhaft an abstrakt, mee sinn dofir net manner magesch. Si kéinten en Deel vun engem Soundtrack vun engem imaginäre Film sinn.


E lescht erstaunlecht Beispill ass vum däitsche Museksproduzent Uwe Schmidt. Nodeems hie vun europäescher elektronescher Musek gelangweilt war, ass hien a Chile geplënnert fir Latin Musek ze exploréieren. Hien nennt sech zanter Kuerzem Senor Coconut an huet e Cumbia Remix vun "Trans Europe Express" gemaach. Hie spillt aus Witz och nach aner Saache vun Daft Punk oder Elektro Gruppen no. Et klengt esou authentesch, et kann een him bal net béis sinn!

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow