arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Jeremy Steig - Howling For Judy

Jeremy Steig - Howling For Judy

D'Lidd "Howling For Judy" koum 1970 um Museker sengem Album "Legwork" eraus. De Steig war ee vun deenen éischten a beschten Jazz Flütte Solisten. Hien huet sech op d'Flütt-Instrumenter begrenzt an huet déi OCH all perfekt beherrscht. Hien huet e klasseschen Jazz-Museker-Parcours an ass leider viru Kuerzem a Japan gestuerwen.


1994 hunn d'Beastie Boys hie gesampelt fir hiert Lidd "Sure Shot". De Steig seet zu dëser Geschicht: "I made more money from that sample than from any of my records. It saved my life." D'Lidd "Sure Shot" war um véierten Album vun de Beastie Boys "Ill Communication", dee bei hirem eegene Label Grand Royal erauskoum. D'Beastie Boys sinn déi richteg Erfinder vum Cross-Over, dem Mix tëschent Hard Rock a Rap.


Enn vun den 80er Jore si si mat hirer Punk Attitüd mat der Dier an d'Haus gefall. Déi ganz Hip-Hop-Welt huet gelaacht awer gläichzäiteg och geziddert. Hiren Album ass eng Mëschung aus richtegen Instrumenter an agespillten Instrumenter. Si hunn hei déi groovy Flütt Loop mat enger fetter Perkussioun ënnermoolt. Wärend dem Rap gi si wierklech alles, dat kann ee gutt un hirem Jäizen héieren. Dat wat wéineg Leit wëssen, ass datt dem Jeremy Steig säi Papp de Film "Shrek 4" geschriwwen huet, dofir ass och de Beastie Boys hiert Lidd am Film present. D'Roll vum Rattenfänger ass am Film vum Jeremy Steig selwer gespillt.


Den DJ Shadow hat awer de Sample scho virdru benotzt, mee op eng ganz aner Aart a Weis, an zwar op enge vu sengen aller éischte Maxien, déi "In/Flux" geheescht huet an 1993 erauskoum. Hien huet d'Lidd méi spéit nach eng Kéier op senger Kompilatioun "Preemptive Strike" um Label Mo'wax erausbruecht. "In/Flux" huet jo quasi den Trip-Hop-Genre erfonnt. D'Lidd ass en atmosphäreschen an cinematographesche Sample Paradis fir Cratedigger. De Shadow benotzt hei eng Moyenne vun 30 Lidder pro Lidd. Dem Steig säi Sample ass eréischt no gutt fënnef Minutten am Lidd ze héieren.


Op eng ganz aner Manéier benotzt och den DJ Hype dem Steig säi Sample, an zwar op sengem Jungle Lidd "On That Dust". Dat ass en Deel vu senger Maxi "Going Out For The Loot", déi 1995 bei sengem eegene Label Ganja Records erauskoum. Den Hype ass och nach ëmmer hautdesdaags ee vun den bekanntsten Drum'n'Bass an Jungle DJs aus London.

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow