arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Steely Dan - Black Cow

Steely Dan - Black Cow

D'Lidd "Black Cow" vun der Grupp Steely Dan war op hirem sechsten Album "Aja", deen 1977 erauskoum. Dat war hire gréissten Succès. Op dësem Album si bal 40 Museker implizéiert. Si hunn natierlech e Grammy dofir gewonnen a Platin Status erreecht, haaptsächlech fir déi héich Qualitéit vun der Opnam. Heiansdo daueren Lidder bis zu aacht Minutten, mee et gëtt awer ni indigest. Déi zwee Grënner vun der Grupp, de Walter Becker an Donald Fagen gesinn d'Band éischter als e renge Studio-Projet, dat heescht, si ginn eigentlech keng Concerten tëschent 1973 an 93. Si schreiwen d'Musek a stellen Interpreten a fir si ze spillen. Si sinn a la Base Rockmuseker, déi awer éischter Jazz, R'n'B a Pop Lidder schreiwen. Déi éischt Ecoute klengt e bësse wéi Easy Listening, mee am Hannergrond lafe komplex Harmonie-Wiessel an duerchduechte Melodien. Si goufe vun der Kritik gelueft an hu Präisser gewonnen. Retrospektiv kann een dat als d'Grënnung vum Yacht-Rock bezeechen.


1997 hu Lor dTariq a Peter Gunz "Black Cow" gesampelt fir hir Bronx-Party-Hymn doraus ze maachen "Deja Vu (Uptown Baby)". Si waren als Grupp e One Hit Wonder. Si hunn zwar 98 hiren Album "Make It Rain" erausbruecht, mee si haten zesummen kee Succès, ausser dat heite Lidd natierlech. D'Rapper hu missten 115 000 $ an 100 Prozent vun de Royalties u Steely Dan bezuelen, wat fir déi Epoque zimmlech hefteg war. De Song blouf awer e risege Succès.


D'Grupp 213 hunn den Song och fir hiert Lidd "Keep It Gansta" benotzt. 213 war Enn 80er déi éischt Grupp vu Snoop Dogg, Warren G an Nate Dogg zesummen. No hire jeeweilege Solokarriären hu si 12 Joer méi spéit am Joer 2004 eng Reformatioun gemaach. All Member vun der Grupp ass op dësem Projet an topp Form, woubäi Snoop dee Bekanntste vun den Dräi bleift.


De Sample huet et souguer mat der Grupp OSTR bis a Pole gepackt. Hiert Lidd heescht "Sinu", wat souvill wéi "Sohn" op Polnesch heescht. D'Grupp ass anscheinend a Polen zimmlech bekannt, si hunn nämlech scho mam Jeru The Damaja oder Sadat X collaboréiert.


Den MF Doom huet d'Lidd och benotzt fir säi "Gas Drawls" doraus ze maachen. Hie sampelt en aneren Moment vum Lidd "Black Cow" a setzt et am Joer 1999 op säin éischten Album "Operation: Doomsday". Hien ass bekannt dofir just ee Loop ze benotzen, Perkussiouns-Elementer doriwwer ze mixen an ouni vill Schnick Schnack doriwwer ze rappen.

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow