De Sample vun der Woch
Toto - Georgy Porgy
0 min
Dësen simpelen mee effikassen Intro gouf vun der Grupp Toto geschriwwen. Dëst Lidd heescht "Georgy Porgy" an ass 1979 erauskomm. D'Background Vocals sinn vun der Sängerin Cherryl Lynn. Dëst Lidd gëtt hautdesdaags nach ëmmer live vun der Band gespillt, bal 40 Joer no senger Sortie. Toto briechen hei Genre Grenzen , mee am Gudden gemengt: Georgy Porgy war jo eigentlech en Schloflidd fir Kanner - Toto sinn eng amerikanesch Softrock Grupp - mee si schaffen et hei an d'RnB Charts vun deemools. Dat war natierlech bedéngt duerch bommen Museker: Toto war e bëssen en Allstar Team mat Mitglieder aus verschidden aner Gruppen, zum Beispill Steely Dan, Sonny and Cher oder souguer Michael Jackson. Si spillen hei den typeschen early Eigthies-Sound aus Kalifornien. Dëst Lidd ass e bëssen hier Unerkennung virun hirer absolutter Weltherrschaft mam Lidd "Africa" vun 1982.
Eric Benet iwwerhëlt dat Lidd am Joer 1999. Et ass en Track vun sengem zweeten Album "A Day In The Life". Hien mécht hei eng kloer Hommage un den Eighties-Sound mat engem einfachen mee effikassen Duett mam Biggie senger Ex-Frae, d'Faith Evans.
Mee MC Lyte hat d'Lidd schonn virdrun gesampelt, an zwar op sengem "Poor Georgy" vun 1991. Dat war op sengem Album "Act Like You Know". Hei geet et em Storytelling vum Feinsten an en Message géint Addiktiounen. Am Videoclip ass souguer eng kleng Apparitioun vum jonken Lauryn Hill ze gesinn. Dat Lidd huet vill aner jonk Rapperin inspiréiert déi hautdesdaags Succès hunn, wei zum Beispill d'Rapsody.
Dat wat wéineg Leit wëssen, ass dass d'Janet Jackson sech och vun dësem Lidd inspiréiert huet, an zwar fir säin "That's The Way Love Goes". Den Refrain ass nämlech genau op der selwechter Tounlag geschriwwen. Dëst Lidd ass 1993 erauskomm an war um 5. Album vum Janet Jackson deen "Janet" geheescht huet.
Den "Georgy Progy" vun der Grupp Toto huet et souguer bis an Japan geschafft, hei mat enger J-Pop Kënschtlerin vum Joer 2013. Atsuko Hiyajo huet d'Lidd "Round & Round" doraus gemaach.