arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Gil Scott-Heron - The Revolution Will Not Be Televised

Gil Scott-Heron - The Revolution Will Not Be Televised

De Gil Scott-Heron huet 1971 d'Lidd "The Revolution Will Not Be Televised" op sengem éischten Album "Pieces Of A Man" erausbruecht, um Label Flying Dutchman. De Gil Scott-Heron war en Aktivist, Jazz-, Soul- a Blues-Dichter. Hie war och en engagéierte Songwriter a spoken word Kënschtler aus de 70s an 80s. Éier hie Placken opgeholl huet, war hie Literatur Professer op der Uni. Hie gouf an der Bronx an am Tenessee grouss. Seng Stroosse-Poesie huet d'Fondatioune fir de Rap vun hautdesdaags geluecht. Seng éischt Plack "Small Talk" ass quasi just spoken word, hie liest do seng Gedichter iwwer Perkussiounen. Op senger zweet Plack, wouvun dat heite Lidd ass, sinn e bësse méi traditionell Track-Strukturen. Et ass säin éischte Studio Album mat enger ganzer Band hanner him, geleet vu sengem ale Kolleeg Brian Johnson um Piano. Hie benotzt hei Jazz- a Blues-Instrumentatioune fir sech drop ausdrécken. The Last Poets waren eendeiteg seng Virbiller, säi Lidd "The Revolution Will Not Be Televised" war eng direkt Äntwert op hiren Titel "When The Revolution Comes". Säi Lidd ass en aggressiivt a polemescht Gedicht géint Massemedien. Et gëtt heiansdo als dat éischt Rap-Lidd an der Geschicht ugesinn. De Message gouf vu ville Rapper iwwerholl oder zumindest zitéiert.


Ee vun den bekanntste Lidder mat enger direkter Referenz un de Gil Scott-Heron ass de Common mat sengem Lidd "The 6th Sense" aus dem Joer 2000. Dat war op sengem véierten Album "Like Water For Choclate". D'Produktioun ass vum onverkennbaren DJ Premier. Et ass e positiven an optimisteschen Track op engem bombastesche Beat.


Eng aner Utilisatioun vum Sample ass och zum Beispill d'Queen Latifah op hirem Lidd "Evil That Men Do" Featuring Krs One. Dat war op hirem éischten Album "All Hail The Queen". Et koum 1989 bei Tommy Boy Records eraus. Si iwwerhëlt hei de Message an de Beat vum Gil Scott-Heron op hirem feministeschen a militanten Track.


Eng Mention Honorable kréien och Le Peuple de l'Herbe mat hirem Lidd "PH Thème". Dat staamt vun hirem Album "Triple Zero" vun 2001. Le Peuple de l'Herbe ass eng Trip-Hop Band vu Lyon, Frankräich. Si iwwerhuelen hei déi puer éischt Sekonne vum Heron sengem Lidd. Ech ka mech un dee geniale Video Clip aus Plastilinn erënneren, dee ganz an enger Rill vun enger Plack gedréit gouf.

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow