D’Rita Payés ass eng Katalanesch Jazz-Posaunistin a Sängerin. Zesumme mat hirer Mamm Elisabeth Roma, eng klassesch Gittaristin, héiere mer zwou Generatiounen an engem zäitgenësseschen Ausdrock deen den Jazz mat der Bossa Nova an anere latäinamerikaneschen Aflëss matenee verbënnt.
Lo Radzouka ass e 4tet aus der Haute Loire mat Manouche, Latäin-amerikaneschen an andaluseschen Influenzen.
De geschaten Drummer a Produzent Nate Smith ass gutt ëmginn um Album "Kinfolk 2: See the Birds". Derbäi sinn e.a Vernon Reid, Brittany Howard (Alabama Shakes) oder Regina Carter.
Mat senger Single "Invisible" hat de franséische Produzent Anthony Faviers alias NTO an der Zäit vum Lockdown 2021 derfir gesuergt dass mer déi bedréckend Realitéit vun der Pandemie e bësse verdränge konnten.
De Jérôme Fouqueray alias Praktika, franséischen DJ a Produzent, verbënnt d’Elektro mat Aflëss aus de West-Afrikaneschen Traditiounen. Um Album "Benkadi" ass de Simon Winsé derbäi, Multi-Instrumentalist, Komponist a Sänger aus Burkina Faso.
MEUTE, dat sinn 11 Drummer a Bléiser vun Hamburg déi den Job vun engem DJ iwwerhuele mat hiren akusteschen Instrumenter. Den 18 Juni spillen se zu Tréier.
Playlist:
01. Evann McIntosh - Coco Pebbles - Character Development
02. Rita Payés & Elisabeth Roma - No Digo Que No (Vaca y Pollo) [feat. Pol Batlle] - Como la Piel
03. Lo Radzouka - Al Raqs Majnun - Sanh-mesclat
04. Joseph Kamga - Sie Tcheu - Cameroon Garage Funk
05. Nate Smith - Altitude (feat. Joel Ross & Michael Mayo) - Kinfolk 2: See the Birds
06. Joseph Malik - Tavistock- Diverse, Pt. 3
07. The Reed Conservation Society - Gold, Gun & God - Ep N°3
08. NTO - Invisible (feat. Sofiane Pamart) [Piano Version] - Single
09. Laurent Garnier & The Limiñanas - Saul - De Película
10. Automatism - Heatstroke - Immersion
11. Praktika - Rencontre (feat. Simon Winse) - Benkadi
12. The Brkn Record - Break the Chains - The Architecture of Oppression, Pt. 1
13. Rakoon - Pigalle - Something Precious
14. MEUTE - Araya - Single
15. Stretch and Bobbito & The M19s Band - Voices Inside My Head - No Requests