David Byrne a Brian Eno si Laangzäit-Komplize mat méi wéi engem Disk, dee vum Eno produzéiert gouf. Mir entdecken en neit Lidd, vun deenen zwee, dat den David Byrne viru Kuerzem verëffentlecht huet.
Ween hiren Titel “Object” vum Album “La Cucaracha” léist e léiwe Sound erklénge mat monstréisen Aussoen, mir ginn e puer Interpretatiouns-Méiglechkeete gewuer …
E Lidd mat Kultstatus ass dem Joe Dassin säin “Marie-Jeanne” aus dem Joer 1967. E Lidd ausserhalb vum Sänger sengem Repertoire mat enger spezieller erzielerescher Struktur, opgebaut wéi eng Zeen aus engem Roman.
D’Musek vu Worries And Other Plants ass de perfekte Compagnon fir e coole Roadtrip. Dësen Indie-Rock-Projet aus der Schwäiz ass vum psychedelesche Rock beaflosst an huet de Goût vum Abenteuer an der Reflexioun. Groovy a verdreemt!
“The Universe Smiles Upon You” ass den Debutalbum vu Khruangbin vun Houston, en Disk, dee bal genee virun 10 Joer erauskoum. Geleeënheet, déi den Trio genotzt huet fir eng iwwerschaffte Versioun ze verëffentlechen.
Um Zé Ibarra sengem neien Album “AFIM” héiere mir eege Kompositiounen an och Reprisë vun Zäitgenosse wéi der Sophia Chablau an Tom Veloso. De Visuell vum Album stécht an d’A an d’Musek refletéiert de spannenden Ausdrock vun der brasilianescher Generatioun vun haut.
Playlist:
01. David Byrne - T Shirt- Single
02. Ween - Object - La Cucaracha
03. Red Hot Chili Peppers - Aquatic Mouth Dance - Unlimited Love
04. Manu Chao - River Why - Viva Tu
05. Joe Dassin - Marie-Jeanne - Joe Dassin éternel …
06. Kalaido - Midnight Diner Curry (feat. Sam Miles) - Midnight Diner Curry (feat. Sam Miles) - Single
07. Mélissende - Une Seconde - Single
08. Worries And Other Plants - In Numberss - Single
09. A-f-a-r - The Trap - The Refuge
10. Khruangbin - White Gloves - The Universe Smiles Upon You
11. Trond Kallevåg - Slektstreff - Bedehus & Hawaii
12. Radio Tutti & Barilla Sisters - Caión - Xogo
13. Zé Ibarra - Da Menor Importância - AFIM
14. Ignacio Maria Gomez - Sialah - Belesia