Klimawandel, Pollutioun a Verloscht vu Liewensräim gehéieren zu deene wichtegste Facteuren, déi fir d‘Reduktioun vun der weltwäiter Biodiversitéit verantwortlech sinn. Allerdéngs gëtt et nach ee wichtege Grond, dee ganz dacks vergiess gëtt. Invasiv Aarte gehéieren zu den Top 5 Ursaache fir de Verloscht vun der Biodiversitéit. Schätzunge gi vun 200 neien invasiven Aarte pro Joer aus. Dës Aarte verbreede sech rapid iwwer grouss Flächen a suerge fir massiv Problemer an der Natur a fir de Mënsch, well se aner Aarte verdrängen, den Ökosystem beanträchtegen a souguer staark Allergien ausléise kënnen. Fir de Problem vun den invasiven Neophyten unzegoen, huet d’Ëmweltberodung Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mam Ëmweltministère a mat der ANF eng Broschür mam Titel: “Invasive Neophyten und ihre Alternativen” ausgeschafft. Dës Broschür soll de Leit hëllefen, invasiv Neophyten ze erkennen an déi richteg Alternative fir doheem auszewielen. Explikatioune mam Adrien Flammang, Projektkoordinator bei der Ëmweltberodung Lëtzebuerg ASBL
arrow_back_ios
Biotop
Invasiv Neophyten - E Problem fir eis an d’Natur
Lauschteren
play_arrow
Ambrosia artemisiifolia (Foto: Rostovdriver)
headphones
11 min
mic_none
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden
Geméis vum Grill
Beim Grillen denkt ee meeschtens u Fleesch. Geméis vum Grill ass eng gesond a frësch Alternativ.
Gemeinwohl-Ökonomie fir Gemengen
„The good life: Gemeinwohl-(Ökonomie) fir Gemengen“ ass e LEADER-Projet, dee Gemengen derbäi soll ënnerstëtzen, gemeinwohlorientéiert Entscheedungen ze treffen.
Virstellung vum Harespels-Pixi-Buch an der Ziel mat!-Aktioun
Beim Pixi-Buch geet et dorëms, besonnesch de Kanner d’Angscht virun dësen immens interessanten Déieren ze huelen.
D’Schmuewelen - Eis Fréijoersbuete brauchen Hëllef
Schéin unzekucken awer och immens nëtzlech.
Duerfentwécklung, en Instrument fir méi Liewensqualitéit am ländleche Raum
Als Ergänzung zum LEADER-Programm ënnerstëtzt d’Duerfentwécklung Infrastrukturprojeten, déi der lokal Bevëlkerung ze gutt kommen.
De Lycée Technique Agricole - méi wéi nëmmen eng Akerbauschoul
De Lycée am Fokus: nohalteg - wëssenschaftlech - praktesch
Centre nature et forêt Ellergronn
Fréijoer am Naturschutzgebitt Ellergronn
Libellen: d’Helikopter ënner den Insekten
Libellen esou grouss wéi Falleken, Fangmasken, Paarungsrieder: mir ginn Iech e klengen Abléck an déi skurril Welt vun de Libellen.
Den Impakt vum Klimawandel op d’Planzebiodiversitéit
De Klimawandel verännert Bléizäiten, stéiert d’Zesummespill tëschent Planzen an Insekten a verlaangt méi flexibel Naturschutzaarbecht.
Wéi LEADER Éislek regional Produzenten ënnerstëtzt
Den aktuellen LEADER-Projet vun der Kooperativ „Lokal Produkter va Wëntger".
Insektepopulatioune stäerke mam Insekteräichprojet vum Naturpark Our
Wat ass de Projet? Wat ka jidder eenzele fir d’Insekte maachen a firwat si se esou wichteg?
Verzicht op Pestiziden - E Plus fir eis an d‘Natur
Pestizide si Stoffer, déi iwwerall sinn an een Afloss op eis Ëmwelt an eis Gesondheet hunn. Mat klenge Schrëtt kann een awer seng Expositioun reduzéieren.
Geschichteland: Muséeen am Wëlle Westen
D’Muséeën am Wëlle Westen schaffen zesumme fir eng modern kulturell Offer an der Regioun.
Sandschmuewel - Vull vum Joer 2026
Wéi all Joer gouf och dëst Joer de Vull vum Joer 2026 gewielt. Et handelt sech heibäi ëm eis klengst Schmuewelaart, nämlech d’Sandschmuewel.
Daucus carota subsp. sativus - Muerten
Knackeg, orange a gesond: Muerte schmaache gutt, si voller Power an dat eelste Wuerzelsgeméis op der Welt.
D’Fréijoer kënnegt sech dobaussen un
No engem gefillt ze laangen a groe Wanter weise sech dobaussen déi éischt Zeeche vum Fréijoer.
Eis Vulle schützen an der Agrarlandschaft
Dat mat Hëllef vun engem spezialiséierten Aarbechtsgrupp.
Wetland day - D’Fiichtgebitter zu Lëtzebuerg erhalen
Den 2 Februar ass den internationalen Dag vun de Fiichtgebidder
Grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht am Dräilännereck
Op der Musel gëtt et vill grenziwwerschreidend Kooperatiounen. LEADER Miselerland ass do besonnesch aktiv an huet eng jett transnational Projete lancéiert.