Biotop
De Naturpakt: Zesumme fir méi Biodiversitéit an eise Gemengen
15 min
Ähnlech wéi de Klimapakt opgebaut, ziilt den Naturpakt mat Hëllef vun engem definéierte Mesurëkatalog op 6 Themeberäicher of, déi sech net nëmmen op kommunal Terraine limitéieren. Duerch hir Virbild Roll kann d’Gemeng och hir Bierger motivéierte, fir op eegenem Besëtzoder als Member am Naturpaktteam aktiv ze ginn..
Allgemeng staffelen sech déi 77 Mesure op d’Beräicher vum allgemengen Naturschutz, Siidlungsraum, Oppeland, Waasser, Bësch a Kommunikatioun & Kooperatioun. Bei de Mesure gëtt meeschtens an éischter Linn den Ist-Zoustand analyséiert an dono entspriechend Mesuren zesumme mat bedeelegten Acteuren jee no Méiglechkeete geplangt an ëmgesat ginn.
Wouranner läit den Ënnerscheed tëscht dem Natur- a Klimapakt?
Wéi genee kann ee sech als Bierger an ee Pakt erabréngen?
De Naturberoder vum SIAS, Xavier Pétry ass am Studio fir op des an aner Froen ze äntferten.