The good life: Gemeinwohl-(Ökonomie) fir Gemengen ass e gemeinsamen, transnationale Projet vun de lëtzebuergesche Regioune LEADER Wëlle Westen, LEADER Mëllerdall an der däitscher LEADER-Regioun Leipziger Muldental.
D’Zil ass et, d’Gemeinwohl-Ökonomie als strategeschen Usaz an der Regioun ze verankeren. Am Mëttelpunkt stinn d’Sensibiliséierung an d’Aktivéierung vu Gemengen a lokalen Acteur*innen. Zesumme soll an de Regiounen ee Verständnis vu Gemeinwohl entwéckelt ginn. Mat enger praktescher Bestandsopnam als éischte Schrëtt am Sënn vum Gemeinwohl-Gedanken, soll de Gemengen d’Méiglechkeet gi ginn, sech en Iwwerbléck ze verschafen, wou si stinn an ze gesinn u wei enge Schrauwen si nach kennen dréinen, fir hir Entscheedunge méi staark u sozialen, ökologeschen an demokratesche Wäerter auszeriichten.
D’Zesummenaarbecht vu méi LEADER-Regioune schaaft dobäi eng besonnesch Plus-Value: Verschidde regional Stäerkte ginn zesummebruecht, Erfarunge gedeelt an nei Léisungsusätz gemeinsam entwéckelt. Sou entsteet e Modell vun engem Projet, dee liicht op aner Regiounen iwwerdrobar ass – an dësem Fall ronderëm d’Thema vun der Gemeinwohl-Ökonomie.
Mat den Invitéeën Céline Lanners an Anette Peiter.