natur&ëmwelt wielt mat Iech de Vull vum Joer 2027.
Maacht mat a bestëmmt, wéi eng Vullenaart 2027 am Mëttelpunkt vum Vulleschutz steet.
Wien huet als Schüler net déi faarweg Autocollante mam Villchen drop verkaf?
Viru 50 Joer gouf et zu Lëtzebuerg déi éischte Kéier e Vull vum Joer. Eng Campagne, bei där zënterhier natur&ëmwelt ee Joer laang eng Vullenaart an den Zentrum vun hirer Aarbecht gestallt huet.
Elo, fir de 50. Anniversaire, kënnen d'Leit wielen, wéi eng Vullenaart 2027 de Vull vum Joer wäert sinn: de Feldspatz, den Dommendéck oder den Hauwendaucher.
natur&ëmwelt lancéiert an deem Sënn eng Ofstëmmung an informéiert iwwer dës dräi Vullenaarten. Mee et kann nëmmen ee gewannen. Mam Ornithologue Patrick Lorgé.