Déi fënnef Naturschutzzentere vun der Naturverwaltung hunn eng kloer Missioun: de Grand Public fir d’Natur ze sensibiliséieren – dozou gehéieren och d'Schoulen, vum Fondamental bis Secondaire.
All Naturschutzzenteren huet dobäi säin eegene Schwéierpunkt mat ganz ënnerschiddlechen Aktivitéiten aus dem Beräich vun der Natur- an Erliefnespedagogik.
Am Naturschutzzenter Mirador steet dobäi eng “aner Vue op d’Natur“ am Mëttelpunkt – eng Approche, déi Theorie a praktescht Erliefnes kombinéieren.
Eng wichteg Aktivitéit ass “Aktiv am Naturschutz“, bei där d'Schüler:innen ekologesch Zesummenhäng direkt um Terrain erliewen an esou besser novollzéie kënnen.
No der Observatioun um Terrain gi si selwer aktiv a packe mat un. Duerch dat praktescht Schaffe verfestegt sech d’Wëssen an et entsteet e staarke Bezuch tëschent Theorie a Praxis.
Well Naturschutz bedeit net nëmmen Déieren a Planzen ze schützen, mee och eis Liewensraim ze erhalen a Ressourcë verantwortungsvoll ze notzen - fir och an Zukunft eng liewenswäert Ëmwelt fir déi zukünfteg Generatiounen ze erhalen.
Gläichzäiteg bréngt d‘Léieren an der Natur vill Virdeeler fir d’Gesondheet an d’Wuelbefannen an et erlaabt och de Proffen hir Schüler:innen op eng nei Manéier kennenzeléieren.
Explikatioune mam Gilles Wagener, Responsabel vum Centre nature et forêt Mirador